Déi zwee doudeg an deen ee liewege Kim aus Nordkorea sinn net alleng: an alle Länner, op alle Kontinente ginn et Leit déi erausstiechen, duerch hire Intelligenz, Kompetenz, Bauchgefill, bref: hire Genie.

Dat kënne Politiker sinn, oder, vill méi oft nach, Manager, déi anscheinend ëmmer déi richteg Decisiounen huelen. Dat ass eng Aart-a-Weis et ze gesinn, a si justifiéiert, dass dës Bescht och déi bescht Paie kréien.

Déi aner Manéier déi Saach ze kucken ass banal Statistik. D'Welt zielt elo 7 Milliarde Leit. A kee vun eis kéint méi wéi eng Handvoll Leit opzielen, déi ëmmer déi richteg Decisiounen huelen. Wéi vill Investmentlegende ginn et ausser dem Warren Buffet? 2, 3 ? Op 7 Milliarden.

Mä op 7 Milliarden ass mat Sécherheet op d’mannst ëmmer een dobäi. An dat huet mech un d'Denke bruecht: wat ass, wann déi gréisst Genien net déi Schlauste sinn, mä déi, déi am meeschte Chance haten?

Ech nennen dat d'Theorie vun de 7 Milliarden Afen.

7 Milliarden Afen déi ëm Bananne spillen. Mir ass et egal wat se spillen, Roulette, Af ärgere dich nicht, oder op der Bourse. Dem Af ass et genee sou egal, well en net wierklech weess, wat leeft. All Joer huele mer déi 10% beschten Afen, a loossen se op en neits géinteneen untrieden. No e puer Joer sinn dann nach just 7 Afen iwwreg, déi, forcément, jorelaang ëmmer nëmme gewonn hunn. Da loosse mer des Elite nach emol ënnert sech untrieden, an iwwreg bleift deen Af, deen anscheinend ëmmer alles richteg mécht, deen Af, deen net verléiere kann. An deem bidde mer dann ee Posten als Topmanager un, oder Spëtzepolitiker. Iergendeppes, wou et vill Banannen gëtt. Komescherweis geschitt dann an der Regel eppes immens erstaunleches: eisen Af fänkt un, net méi alles richteg ze maachen. Wéi sollt en och, et ass puren Zoufall dass grad hien op deem Poste gelant ass. Mir menge zwar et wär dee schlausten Af, mä et ass just deen, deen all Ronn am meeschte Chance hat.

Wann eis also nächstens mol rëm ee genialen Topmanager virgestallt gëtt, ëmmer drun denken:

Éischtens: deen hat virun allem Chance. An zweetens: deen ass och just fir d'Banannen hei.