Den Autofestival steet virun der Dier, oder villméi virun der Garagepaart! Den Auto, sou heescht et jo ëmmer, ass dem Lëtzebuerger säi léifstent Kand, an esou ass et dann och net verwonnerlech, dass de Pappa Staat Kannergeld fir dee Klenge bezilt, virausgesat, en ass kleng a spuersam genuch. Besonnesch gutt ginn déi stolz Eltere subventionéiert, wann se ee Weesekand aus der Kategorie vun den Elektroautoen adoptéieren. Elektroautoe produzéieren nämlech iwwerhaapt keen CO2 wa se fueren, just wa se produzéiert, importéiert, an duerno recycléiert ginn, wat allerdéngs wéi et schéngt net weider an d'Gewiicht fält.

Ech froe mech allerdéngs op de Finanzminister déi elektresch Weenercher genee sou flott fënnt wéi säi Kolleg vum Ëmweltressort. An eisem Staatsbudget si Joer ëm Joer milliouneschwéier Recettë vun de Pëtrolsproduiten ageschriwwen.

A wa lo wierklech op eemol jidderee nach just géif elektresch fueren?

Misste mer dann eng Batteriesteier aféieren?

Dass iergend ee Staat op der Welt d'Autosfuerer op eemol net méi als auspressbar Geldzitroun gesi géif, kann ech mer eigentlech net virstellen.

Am Moment fält et eis wéinst eisem schlechten Ökogewëssen net esou op, do gi mer eis souguer nach gär bestrofe loossen. Mä wa mer bis all nohaltesch-elektresch ënnerwee sinn, gespeist aus Wandrieder, Photovoltaik-Zellen, a Kärfusioun, wat bleift dann nach? …Falschparken zum Beispill.

De Pappa Staat kennt eis gutt, a weess elo schonn, dass en dëst Joer fir 10 Milliounen, 500 Dausend Euro (10.500.000) muss Protokoller schreiwen, well sech e puer schwaarz Schof net wäerten un d'Regelen hale wëllen.

Ass kee Witz, steet am Staatsbudget, op der Säit 552.

Dofir mäin Tipp: wien eise Politiker hëllefe wëll de Budget an d'Rei ze kréien, soll einfach mol falsch Parken. Oder ze séier fueren. 5 Prozent vun allen Amende ginn iwwregens als Prime un eis fläisseg Schutzengele mat der Kap iwwerwisen, fir déi ze motivéieren, beim Kontrolléiere net och d'Protokolléieren ze vergiessen.

Mä keng Angscht: dovunner kann net jidderee profitéieren, just déi, sou seet den Text, an dat och och kee Witz, qui „ont donné des preuves réelles de leur zèle, de leur intelligence“.