Lescht Woch ass säin Numm mer an enger däitscher Dageszeitung opgefall ënnert der Rubrik „Leute“, obwuel manner den Numm wéi éischter de Beruff oder d'Fonktioun oder d'Beschäftegung vum Mann hannendrun, esou richteg, weess ech och net wéi ech dat ëmschreiwe soll. Hannert dem Numm Hermann Schleichert stoung nämlech „Obdachloser aus Wien“, sou wéi bei de Leit ënnendrënner Schauspillerin oder US-Talkshow-Königin oder frühere Ratsvorsitzende stoung. Wat iwwregens vun deenen do geschriwwe war, weess ech emol net méi. Verhal hunn ech awer d'Geschicht vum Hermann Schleichert- dem Mann ouni Daach iwwer dem Kapp, deen den 26. Dezember a senger Heemechtsstad matten op der Strooss eng brong Enveloppe fonnt hat, se opgehuewen huet an erféiert ass wéi e gesinn huet wat dra war: 7000 €. De Schreck war esou grouss, datt de Mann gefaart huet, et géif elo een hien iwwerfalen, wou e sech op de Wee a säi Foyer gemaach huet a bei d'Assistante sociale fir hir ze weise, wat hien do fir e Schatz fonnt hat. Duerno gouf d'Police geruff an d'Enveloppe koum op de Policebüro an um Enn tatsächlech nees bei deen, deem se gehéiert huet.A sengem Foyer war den Hermann Schleichert awer domadder alles anescht wéi en Held, et gouf de Kapp iwwert e gerëselt, iwwer de Mann, deen de materielle Wäert kënnt gutt gebrauchen an dann op aner Wäerter zeréckgräift: sou eppes wéi d'Éierlechkeet.

Entretemps huet sech awer gewisen datt Éierlechkeet sech nach ëmmer bezuelt mécht. Deen deen d'Sue verluer hat, huet 1000 € Finderloun ginn, méi wéi en dem Gesetz no misst. A Spende fir de Mann mat dem éierlechen Häerz koumen op eemol vun iwwerall. Den Hermann Schleichert kann nees driwwer nodenken sech eng Wunneng ze leeschten.

Den Ament ass hien awer e bëssi iwwerrompelt vun deem ganze Medien-Opwand, dee ronderëm hie lassgebrach ass an dat, well e just gemaach huet, wat eigentlech selbstverständlech ass. Oder dach net méi?

Ech proposéieren datt een dann och vläicht e Wuert kreéiert wéi „schleicherten“, dat géing gutt kommen am Géigesaz zu neie Vokabele wéi „wulffen“ oder „guttenbergen“, an där ginn et sécher och nach an anere Sproochen.