Eng gutt Taass Kaffi huet och zu Lëtzebuerg eng kulturell Traditioun. A fir d'Amateure vun der schwaarzer Britt wor et ëmmer einfach festzestellen op och dat an der Taass ass wat soll dra sinn: nämlech Kaffi – am léifste frësch gemuelen oder Vakuum verpaakt. Am Noutfall – a wierklech nëmmen dann – konnt een och op en Kaffisautomat mat Plastiksbecher oder op dee fir opzeléisen zeréckgräifen. Haut kann en op ville Platze mat leschter Sécherheet just nach behaapten: dat wat an der Taass ass schmaacht wéi Kaffi – op et es och wierklech ass gesäit en dem Pad, dem Tab oder der Kapsel net wierklech un.

Sou schéngt déi Plo déi d'Frënn vum Téi a Form vu Säckelcher schonns méi laang kennen, lues awer sécher och beim Kaffi unzekommen. Alles Arabica mat vill Hokusbokus ëm d'Fuerwen a Goûten – iwwert déi sech bekanntlech diskutéiere léisst – gekoppelt un eng clever Strategie vun Exklusivitéit, souwuel wat d'Maschinne wéi Patrounen ubelaangt - sou drénkt de Bierger vu Welt neierdéngs säi Kaffi. Gedanken iwwert den ökologeschen Impakt kënne jo nach ugestallt ginn nodeems den ekonomesche Rendement areecht gouf.

Wien domadder glécklech gëtt soll dat och roueg bleiwen. Ech fir mäin Deel kafe Boune léiwer net gemuelt a mat kloeren Originen, virun allem déi geographesch, fir da selwer erauszefannen ob mer dat schmaacht oder net! A genau do leit d'Kromm an der Heck: well do wou ech soss mäi Kilo Kaffisboune fonnt hunn, stinn ëmmer méi oft just nach 'Ersatzpatrounen'. Nodeems also de richtege Kaffi am Kartongsbecher globaliséiert gouf kënnt elo d'Taass erëm an d'Spill allerdéngs gefëllt mat Schluedgen, well ähnlech wéi bei den Kapselen huet en och hei besser net gefrot wat wierklech dra wär, respektiv ass. Fir dat kengem dat soll opfalen ass de Marketing jo net fir näischt enorm: an dat de Klunni zoufälleg de Clooney ass funktionéiert zwar als Reklamm, mécht awer och aus der schéinster Kapsel nach laang kee richtege Kaffi – an do hëlleft och keen Engel weder vun hei nach vun do Uewen.