D'lescht Woch ass de Site Megaupload zougemaach ginn, aner sougenannt Filesharing Säiten hunn hir Aktivitéiten doropshin och massiv reduzéiert.

Den FBI an d'Film- a Musekindustrie feiert dat als grousse Succès. Fir dat wat et Wert ass! Déi Säiten hunn et jo net onbedéngt besser verdéngt, mä eng Léisung fir de Problem ass et net. De Problem hannert där ganzer Situatioun ass nach ëmmer deen, datt eng ganz Industrie hir Clienten fir domm verkeeft, a mir Daboen si och nach dobäi ënnerstëtzen, well mir hir Produiten nach ëmmer kafen.

Ech gehéieren och dozou. D'lescht Woch hunn ech mir ee Bluray Player kaf, well mäin alen DVD Player net méi wierklech um leschte Stand wor, a verschiddene kopéiergeschützten DVDe einfach net ofspille wollt. An der Beschreiwung steet, datt och Bluray ee Format ass, datt sech ëmmer weider entwéckelt gëtt, an datt de Produzent vu mengem Player net garantéiere kann, datt zukünfteg Disken an deem Format kënne gelies ginn. Mat deem Saz huet deen Ament ugefaang, wou ech mech als Client a Konsument nees, riicht eraus gesot, veraarscht fillen.

Eischtens ass Bluray ëmmer als neie Standard verkaf ginn. Ass ee Standard net och dofir do, fir dofir ze suergen, datt et eng Kompatibilitéit tëscht de Supporten an de Player gëtt? Wéi et schéngt net!

Zweetens, an dat ass nach méi schlëmm: Ech hu keng Méiglechkeet fir am Virfeld ze erkennen, op mäin Disk vu mengem Player kann ofgespillt ginn. Dofir muss ech een Disk deen ech ganz éierlech a legal kaf hunn d'éischt aleeën. Gëtt en net gespillt, hat ech Pech. Well een Disk deen ausgepaakt ginn ass kann een net méi ëmtauschen oder zeréckginn! Et hätt een e jo entretemps kënne kopéieren an op den Internet setzen.

Also muss ech esou een Disk herno um Computer kopéieren fir de Kopéierschutz lass ze ginn. Da muss ech een neien Disk brennen, fir e kënnen op mengem Player ze kucken, oder iwwert mäin Hausnetz streamen. A verschiddene Länner sinn ech awer héichkriminell wann ech mech trauen de Kopéierschutz vun engem DVD oder CD deen ech kaf hunn ze ëmgoen. Muss ech elo fäerten, datt den FBI mech och verhafte kënnt?

Well ech dat net wëll, bleift mir um Enn nëmmen nach eppes iwwreg: Ech kafen einfach keng Produite méi vun der Ënnerhalungsindustrie, déi esou de Geck mat mir mécht! A maachen et wéi vill Internetuser souwisou scho maachen: Ech huele mir meng Musek a Filmer vu Youtube. Mat engem Klick kann ech déi op mäi Computer lueden an ëmmer nees kucken oder lauschteren, och ouni online ze sinn.

Dat geet gutt, bis den FBI da Youtube zoumécht an dee ganze Management vu Google – deene gehéiert Youtube jo - an de Prisong sperrt. An direkt dono d'iCloud zoumécht, oder soss eng Cloud, well och do Filmer a Musek kënne getosch ginn. Villäicht wor déi ganz Megaupload Affär deen éischte Schrëtt an déi Richtung?