Wann d'Konscht iwwerlieft

2002 ass de Michel Majerus beim Luxair-Accident ëm d'Liewe komm, wéi nach 19 aner Mënschen. Bal 10 Joer méi spéit- geet elo Enn Mäerz de Prozess mat engem Uerteel op en Enn. Dat ass eng laang Zäit fir all déi, déi hei Mënsche verluer hunn mat deenen se frou waren an déi wuel vun hinnen ni vergiess ginn.De Michel Majerus ass mat 35 Joer aus dem Liewe gerappt ginn, aus engem kreative Liewen a wann ee kuckt wat de jonke Moler alles erschaf huet, denkt ee bal, datt e gewosst huet, datt en net méi Zäit hat fir all seng Iddien a Wierker ze realiséieren. Hie war anscheinend wéi süchteg fir alles a sech opzehuelen un opteschen a visuellen Andréck wat d'Welt an d'Liewen ëm gebueden huet fir et dann op säi Genre ze verschaffen. Seng Welt waren d'Medien, d'Comics, d'Publicitéit, d'Computerspiller: alles huet en opgesaugt an nei duergestallt- e Wee an engem Genre moderne Pop-Art.
Wéi deemools d'Nouvelle vum Dout vun engem jonke Lëtzebuerger Moler koum, hunn déi meescht vun eis sech gefrot: wien ass de Michel Majerus a wat huet e geschaf? Zu deem Zäitpunkt war hien zu Berlin, wou e gelieft a geschafft huet, scho gutt bekannt. Entretemps ass seng Konscht och bei eis e Begrëff, spéitstens no der grousser Expo am MUDAM vrun e puer Joer. Et ass tragesch datt eréischt no sengem Dout säi Wierk bekannt gouf an et ass awer och en Zeeche vun Talent a Kënnen, datt elo no 10 Joer zu Stuttgart eng grouss Expo un hien erënnert mat iwwer 100 ausgestallten Oeuvren.
Ech ginn elo net esou wäit ze soen och aner grouss Moler hunn zu Liefzäite grad emol e Bild verkaaft a sinn haut Milliarde wäert; mä eng Grëtz passt dem Michel Majerus säi Schicksal awer an dës Kategorie.
Wie ka soll sech d'Expo op Stuttgart ukucke goen oder op d'mannst am Internet driwwer liesen, si gëtt an den däitsche Medien héich gelueft. D'Ausstellung dauert nach bis den 9. Abrëll- de Finissage ass also 2 Wochen nom Uerteel am Luxair-Prozess.
Ech weess net, ob een doranner soll eng Symbolik siche goen a wann, da soll et an dëser traureger Geschicht op d'mannst eng positiv sinn. Mä dat iwwerloossen ech da jidderengem selwer.