Vun deem wat wichteg ass

Mam Ënnergang vum Kommunismus hunn och eis westlech Gesellschaften sech verännert. Wären am kale Krich Liewensqualitéiten wéi Biergerrechter, sozial Ofsécherung, Genoss an Intellektuelles nach wichteg, sou ginn dës Kulturalitéiten zënter den 90'er Joeren ouni ze zécken an ouni Diskussioun ersat. Déi nei Prioritéiten heeschen Sécherheet, Gesondheet a virun allem economesch Effizienz, dat ganzt wann ech gelift nohalteg. Dowéinst loosse mer eis och bal alles gefalen: Op Fluchhäfen gi mer wéi Verbriecher behandelt, doen Schung a Rimm aus, wéi Mannerjäreger loosse mer eis vun Regierungen verbidden ze fëmmen an Universitéiten als d'Platz vum fräien Gedankenaustausch, wéi och der kritescher Selbstreflexioun verfalen den Prinzipien vun Zwang a Kontroll an riskéieren zu reng repressiven Instrumenter ze ginn, wat muncher een un seng Schoulzäit misst erënneren. Interessant ass dat mer eis selwer wéi Kanner behandele loossen an dogéint nëmmen protestéieren wann iergendeen mat eisen eegen Kanner sou wëll ëmgoen.
Mir sinn och net onschëlleg un dëser Entwécklung. Selwer gesi mer eis als Genossmënschen a jäizen awer schnell no Police an Verbuet wann eppes eis klengbiergerlech géint de Strich geet. Lues awer sécher verléieren mer d'Faëgkeet ze genéissen: vum Fest op privat oder um Duerf, vum schwaarzen Humor bis zum einfachen Nodenken. E Perspektivewiessel den dach um Marx säin Begrëff vu der 'Beleuchtung' erënnert.
Amplaz ze Froen firwat mer liewen am Sënn firwat et sech iwwerhaapt lount ze liewen, stelle mer just nach d'Fro wéi mer méiglechst laang liewen respektiv iwwerliewen. Dat um Hannergrond vun den neien Prinzipien Gesondheet, Sécherheet an Nohaltegkeet. Downsizing vum Genoss, ugefange bei Alkohol an Tubak bis hin bei den Auto, dee just nach Distanz vun A no B méiglechst effizient a subventionéiert soll hikréien.
Wat ass eigentlech aus der Fro nom gudde Liewen ginn? Respektiv d'Fro woufir et sech dann lount ze liewen? Et schéngt wéi wann déi räichste Länner vun der Welt, et verléiert hätten sech dës Fro ze stellen. Dobäi huet schonns den Epikur gemengt dat de Gescheiten net dat gréissten Brout hellt mä dat séisst!