Leschte Samschden gouf, no zwou extrem haarden, geféierlechen a quasi onmënschleche Wochen, déi 6. Editioun vum ominéisen Dschungelcamp mat der Kréinung vun där weltberühmter Schauspillerin, Sängerin a Powerfra Brigitte Nielsen ofgeschloss. Méi ass iwwert dës  B- an C-Prominenzshow wuel net ze soen. An awer sinn dem Gibbes Bertolo e puer Gedanken an de Kapp komm ...

Kéint een net eng Ratingsagence grënnen, déi d’Promien bewäert? En Triple A fir de Brad Pitt an een einfachen D fir Daniel Lopez oder Micaela Schäfer ... mä d’Thema „rating“ hate mer jo schonn mol op dëser Plaz. Mir geet et haut einfach nëmmen ëm de Begrëff „prominent“. Wéini ass ee prominent? Firwat? A wéi laang bleift een et?

Datt een hautdesdaags net extra vill muss leeschte fir e gewëssene Bekanntheetsgrad z’ereechen ass jo näischt Neits méi. De „p“ am „prominent“ steet scho laang net méi fir Privileg, Prestige oder Perfektioun. Mee éischter fir provokativ, primitiv, penibel ... Promien, déi, aus wéi enger Ursaach och ëmmer, einfach nëmme prominent sinn, déi een net méi bewonnert oder beneid mä bedauert a besch...

Schéinheet, Kraaft an Eleganz  sinn ëmmer nach attraktiv Eegeschaften, déi engem déi gewëssen Notoriétéit an Opmierksamkeet garantéieren. D’Glënnerwelt vum Jetset, der High Society, vun Adel an Hollywood  léisst déi kleng Leit vu grousse Saachen dreemen. An dat ass och gutt esou. Nëmme kucken, net upaken. E Stär ass nun mol ganz wäit ewech a blénkt op eis erof. An do soll en och bleiwen. Soss ass et kee méi.

Hei am Land ass dat, wéi bei sou villem, eppes anescht. Bal jidderee kennt jiddereen, a wann net, da kennt een awer een, deen dee kennt, asw. Am Fong geholl gëtt et kee wierklech prominente Lëtzebuerger, oder?  OK, de Juncker ... den Andy ... an awer si se engem scho bal nees esou vertraut ewéi een aus der eegener Famill. Dat gëtt et och nëmmen hei an dat soll och esou bleiwen. Wa scho keng A-Promien, dann och keng B- an C-Klass.

D’Wuert „prominent“ kënnt jo vum laténgeschen „pro minere“, wat esouvill bedeit ewéi eraus-, ervirstiechen, dominéieren. An net aus em franséischen „promettre“: eppes verspriechen, wat een net hale kann ...