D'Ironie un eiser nationaler Autoskiermes ass jo déi hei: am beschten hëlt een de Bus fir dohinner. Wann Dausende Lëtzebuerger ënnerwee sinn mol rëm ee gudde Grond ze fannen sech ze iwwerschëlden, ass et nämlech net einfach, an der Géigend vum Showroom, wéi een Garagen hautdesdaags nennt, eng Parkplaz ze fannen. Iwwerhaapt, Parkplazen … kann et sinn, dass déi ëmmer méi schmuel ginn ?! Oder sinn et eis Autoen, déi genee wéi hir Chaufferen, ëmmer méi oft ënner Obesitéit leiden, an dofir a keng normal breet Parkplaz méi erapassen ? Lo fueren ech net grad ee groussen Auto, an awer hunn ech mer schonn a munch engem Parkhaus iwwerluecht, op ech net besser hätt duerch d'Mall oder de Schiebedach erauszeklammen, wëll ech d'Dir kaum wäit genuch opkrut, fir och nëmmen ee Bréif doduerch ze geheien. Do versteet een direkt, firwat ëmmer méi Leit sech fir ee Cabrio entscheeden. Si mer gläich esouwäit wéi am Fliiger, a mussen dann och an de Parkhaiser tëscht Economy a Business Class ënnerscheeden, a just an där zweeter kann ee sech ee Minimum bewegen, respektiv brauch sech net akrobatesch ze bewegen, fir aus dem Auto rauszekommen ? Ech muss soen, als Mann fillen ech mech do diskriminéiert. A verschiddene Parkingen hunn ech nämlech Fraeparkplaze gesinn, déi si breet genuch fir een Zirkuszelt drop opzebauen. An dat ass hautdesdags natierlech net méi ubruecht. Ëmmerhinn huet d'Industrie an de läschte Joren enorm Efforte gemaach, fir de Frae beim Parken ze hëllefen, ech soe just Reckfuer-Kamera, Ofstands-Sensor, an neierdéngs vollautomatesch Aparkassistenten, déi den Auto ganz alleng an d'Parklück dirigéieren. Als engagéierte Feminist fannen ech dat iwwregens onméiglech, dass déi Denger Parkassisten, an net ParkassistentIN heeschen. Ëmmerhi gouf viru kuerzem eng Etude publizéiert, aus där ervirgeet, dass d'Fraen am Duerchschnëtt souguer besser aparke kënne wéi d'Männer. Wougéint sou elektronesch Gadgete leider net hëllefen, ass géingt mënschlech Eefällegkeet. Dat gesäit ee besonnesch gutt un deenen decken deieren Autoen, déi där Dénger zwar serieméisseg u Bord hunn, mä nawell an d'Mëtt vun zwou Parkplazen installéiert ginn, fir dass déi éischt Méint jo keng Téitschelchen drukomme soll. Wann dat alt mol net heiansdo dann de geneeë Géigendeel provozéiert ...