Firwat ee Bommeleeër nach laang keen Terrorist ass

D'Semantik ass eng passionnant Wëssenschaft. Si léiert eis de Sënn vun de Wieder, a wéi de Freud scho festgestallt hat, ass de Choix vun de Wieder, déi mir benotzen, net vun ongeféier. Regelméisseg héiert ee jo an den Noriichten, dass iergendwou op der Welt, meeschtens am Noen Osten, eng Bomm explodéiert.
D'Wierder si séier fonnt, fir sou ee Virgank ze beschreiwen: Attentat an Terrorismus.
Mä wann et drëms geet, déi selwecht Virgäng zesummenzefaassen, sou wéi se bei eis an den 80er Jore geschitt sinn, da schwätze mer net vun enger Serie vun Attentater, mä vum Bommeleeër, oder säit mer e bësse méi schlau gi sinn an där Affäre, vun de Bommeleeër, ëmmerhi ginn et jo well zwee Verdächteger.
Am Ausland géif een déi wuel Terrorverdächteger nennen, bei eis net. Terror, dat klengt, wéi wann ee fäerte misst; Bommeleeër ... dat klengt iergendwéi harmlos. Sou wéi Plätterchersleeër. Wat heescht dat dann elo?
Vläicht, dass mer déi Attentäter mat hiren Attentater, déi mer iwwregens „Uschléi“ nennen, ni sou richteg fir voll geholl hunn, dass mer se méi als Hobbyterroriste gesinn hunn, als Exzentriker vläit, awer sécher net als Leit, déi ee fäerte misst.
Lo maach et sinn, dass ech falsch leien, ze spéit gebuer fir ze besser ze wëssen, ze vill „Superjemp géingt de Bommeleeër“ gelies fir et eescht ze huelen.
Ech sinn op alle Fall iwwerzeegt, dass eise semanteschen Ëmgang mat där Affär genee richteg ass, ee Virbild fir de Rescht vun der Welt. Wat géifen déi bei Al Qaida domm kucke, wann se op eemol net méi als Terroriste géifen duerchgoen, mä nach just als Bommeleeerten. Trëllerten, déi mat Sprengstoff hantéieren.
Um Enn géifen se nach d'Flemm kréien an d'Säite wiesselen.
Fréier Terroristen, déi haut als Poliziste schaffen, an Afghanistan ass dat anscheinend näischt aussergewéinleches.