The winner takes it all? No!

Gëschter ass mer de Song vun Abba „The winner takes it all“ direkt an de Kapp komm, wéi mer op eemol all „Andy“ waren, oder all „Schleck“ oder all „Maillot Jaune“ oder all „Tour de France“ oder wat och ëmmer. Sou an net anescht hätte mer de Sonndeg, 25. Juli 2010 gefeiert. Mir wiere mat den Autoen duerch d'Stroosse gefuer an hätte getut, mir hätten all e gielen Trikot ugehat, de Roude Léif wier iwwerall erausgehaange ginn an op de Champs-Elysées hätte mer dem Grand-Duc „Vive“ nogeruff, wéi en eisem Andy de wuelverdéngte Maillot Jaune ugedoen hätt an an der nationaler an der internationaler Press wier ze liese gewiescht: 52 Joer nom Charly Gaul gewënnt nees e Lëtzebuerger d'Grande Boucle. Jo dat alles hätte mer gehat a gemaach. Mä den 25. Juli 2010 ware mer zwar houfreg op den Andy an awer enttäuscht, well him déi Ketten do am schlechte Moment gespronge war an um Enn 39 Sekonne gefeelt hunn fir op den ieweschten Träpplek.An elo annerhalleft Joer duerno solle mer eis op eemol freeë wéi e Geck, datt déi Schlagzeil vum 4. Lëtzebuerger, deen den Tour de France gewonnen huet, Realitéit ginn ass. Nee, de Gewënner kritt net ëmmer alles a seng Supporter och net. Hie kritt net d'Héngerhaut bei der Heemecht op de Champs-Elysées, hie kritt net de Schampes an der leschter Etapp, hie kritt net de groussen Empfank zu Paräis an heiheem, hie kritt net de gielen Trikot ugedoen an d'Supporter kréien awer net d'Gefill, elo richteg téinen ze kënnen an ze jäizen „Mir wieren déi Gréisst“. Oder ass dat bei iech gëschter anescht gewiescht?
Hoffentlech musse mer eis als Lëtzebuerger Vëlo-Supporter elo net definitiv drop astellen: entweder eng zweet Plaz ze feieren oder eréischt an engem zweeten Ulaf deen éischten ze ginn - dann, wa kee méi Loscht huet, sech ze freeën. Mee och dorunner winne mer eis esou lues: De Kim Kirchen huet zweemol nodréiglech eng Etapp an der Grande Boucle gewonnen an den Andy Schleck dann elo de ganzen Tour.
Definitiv den Abba-Song „The winner takes it all“ stëmmt net ëmmer. Mä am Fong muss ee sech souwisou froen, ob et an deem ganze Gedeessems iwwerhaapt nach ee Gewënner gëtt.
Den Andy wëll net, de Contador duerf net an de Cyclissem huet als Sport sécher näischt gewonnen.