Wie bei deem schéine kale Wieder net och mol dovunner profitéiert, fir déi äiseg Wanterlandschaft zu Fouss z’entdecken, verpasst dësdeeg eppes. Leider kënnt et beim Trëppeltour awer ëmmer nees vir, datt engem de Genoss um spadséieren ... looss mer soen „verhonzt“ gëtt. De Gibbes Bertolo kläert op: Am Fong geholl ass et him egal. Deen op 4 Patte wëll all Dag eraus, bei Schnéi, Reen oder Sonn. Wann allerdéngs d’Wieder sech vun där ganz agreabeler Säit weist, zitt et deen oder déi op 2 Been och gäre mat an d’frësch Loft. An esou kënnt et dann noutgedrongen a Bëscher an op Feldweeër zu deene penibele Situatiounen, déi sech mat engem klenge Gest, mat engem einfache Reflex  labber kéinte vermeide loossen:

„Komm hei! Kënns de wuel heihin! Follegs du da bal! En deet kengem eppes, e kënnt nëmme schnoffelen. Neen ... net sprangen! Also ... dat do huet en zwar nach ni gemaach ... Kënns du wuel heihin!“ asw.

Kënnt Iech dat bekannt vir? Moment – Ech si ganz frou mat Muppen, och wann ech selwer keen hunn. Ech weess och, datt déi meescht Hënn, och wa se net un der Léngt gefouert ginn, kengem eppes zu Leed doen. An ech weess och, datt all Bello, Flocki a Rex  et genéisst, fräi a frou an der Géigend ronderëm ze lafen. Mä, wann ech gelift, léif Muppemeeschteren a –meeschterinen: Äert Déier ass nun mol keng Kreatur, déi schwätzen an deemno scho vu wäitem ka ruffen, datt se engem gutt gesënnt an datt se absolut net u Wueden a Feeschten interesséiert ass. An datt déi Gewëssheet noutgedrongen aus Ärem Mond kënnt, ka mech och net därmoosse berouegen – de Béischt kéint jo mol seng Meenung änneren.

Ech weess net, ob Dir scho mol eng Kéier vun engem hondsgewéinlechen awer hondsfrieme Mupp ganz hondsgemeng hannen an d’Bee geschnaapt gouft. Gleeft mer, et ass wuel net déi grouss Péng awer et fillt ee sech uschléissend ganz einfach nëmmen hondsmiserabel.

Am Kloertext: ass et wierklech esou komplizéiert, säin Hond un d’Léngt ze huelen, wann engem e Passant entgéintgetrëppelt oder –gelaf kënnt? Oder ass déi Fuerderung en Agrëff an déi perséinlech, resp. dem Mupp seng Fräiheet? D’Fro misst, mengen ech, mat enger Grëtz gesondem Mënscheverstand séier a kloer beäntwert sinn.

Meeschtens klappt dat jo och. Mee et ginn der ëmmer, déi sech abillen, de Rescht vun der Welt misst no hirer Päif danzen. Et sinn déi, déi et net sou mam Respekt hunn. Déi, déi sech  beim Bäcker virdrécken, déi am Theater schonn e puer Minutten éischter erausginn, fir mat Zäiten aus dem Parking ze kommen. An déi, déi am Kreesverkéier kee Winker brauchen. Mir kenne se jo all ...