Sollt der e bessere Verhalt hu wéi d'Politik da kënnt der Iech bestëmmt nach drun erënnere wéi de Premier am Numm vun der Regierung d'Enn vun der sougenannter Spaassgesellschaft ausgeruff huet. Deemools nom „nineeleven“ wor dës hedonistesch Iddi also dat et keng Wouerecht géif ginn an d'Welt nëmmen e Spill respektiv Theater oder Literatur wier, net méi erwënscht. Der Politik huet dat och gutt an de Krom gepasst, konnt en dach sou mol erëm grondleeënd chrëschtlech argumentéieren dat Wourecht a Fräiheet iergendwou anescht ze fanne wieren, wéi am perséinleche Gléck oder op dëser Welt. 10 Joer duerno hu mer festgestallt – oder vill méi matgedeelt kritt - dat d'Liewen an der Askese, also dem Verzicht net zum Enn vu der Spaassgesellschaft gefouert huet dofir awer zum Enn vun eisem wirtschaftleche Modell, also an eng gesamteuropäesch Krise, fir net erëm vun Finanzen an dem Euro ze schwätzen. Do stellt sech d'Fro: hu mer alleguer op dat falsch Verzicht oder wien huet sech do schëlleg gemaach?

Eng falsch Fro – well Politik huet hei eenzeg an eleng een Ziel: mir all sollen d'Gefill kréie mat ze spillen an doduerch selwer schold ze sinn op mer Chance oder Pech hunn, sou wéi den Huizinga et schonns a sengem spillende Mënsch, dem „Homo Ludens“ duergestallt huet. Sou geet et bei dësem Spill net ëm de wierkleche Risiko vum Asaz mä vill méi ëm eppes Imaginäres: an zwar dat déi Mächteg sech zousätzlech mat der Illusioun legitiméieren den Aneren hätt jo eng fair Chance gehat, ähnlech dem Killer am Film „No Country for Old Men“ vun den Gebridder Cohen.

An dës Roll schéngt am Moment Griichenland ze spillen – a wéi huet schonns en anere Griich, den Epiktet betount: am Theater vum Liewen kënnt et drop un fir gutt ze spillen an net onbedéngt eng gutt Roll ze hunn. Oder mam Max Weber geschwat: déi „Entzauberung vun der Welt“ !