Bei deem herrleche Wieder, dat mer déi lescht Zäit haten, gehéiert et zum gudden Toun, sech e bëssen z'erkalen. A well een als gudde Bierger jo och d'Obligatioun huet d'Wirtschaft um Lafen ze halen, ass et dann nawell keng schlecht Idee beim Apdikter an e puer Mëttelcher z'investéieren.

Mä dat ass méi einfach gesot wéi gemaach. Éier den Apdikter mat deem passende Mëttel erausréckt, muss dee Stierweskranke mat leschter Kraaft fir d'éischt eng komplex Autodiagnose erstellen: leeft d'Nues no fir oder no hannen? Leiden ech un dréchenem Houscht oder fiichtem? Wann et ee fiichten ass, ass e bësse fiicht, oder vill? A wéi eng Faarf huet de Schläim op der Gréngskala?

Anscheinend gëtt et fir all Variant dee passende Syrop, an all déi aner si wierkungslos. Wat waren dat nach Zäiten, wou ee géingt alles einfach just ee Grog an eng Aspegic huele konnt.

Mä wann et sou einfach wär, bräichte mer natierlech och keng Dokteren.

Während den Gesondheetsminister eis amplaz Markeproduiten nawell gär Generika undréie wéilt, froen ech mech, op net nach méi Geld ze spuere wär, wann een direkt géing ee Schrëtt méi wäit goen, an d'Generika duerch Placebo ersetze géif, op d'mannst wat Erkältunge betrëfft. D'Saach ass nämlech ëmmer déi hei: no e puer Deeg ass deng Erkältung souwisou um Wee bei den nächste Client. Dofir zielt der och all Dokter, wann en der eppes verschreift, dass et wa méiglech e puer Deeg brauche kéint, bis de d’Wierkung sou richteg spiers. Wann seng Mëttelcher also näischt dengen, an et wierklech e puer Deeg laang net besser gëtt, behält e Recht: ee gudden Dokter, deen dat virausgesot hat. Wann se iere wierken, gëtt et natierlech direkt besser, woumatter hien da schonn net méi an d'Kategorie vun de gudden Dokteren, mä carrément an déi vun de Wonnerheeler gehéiert.

D’Econimisten nennen esou eppes eng Win-Win Situatioun.  Wien iwwregens an all Fall gewënnt ass … den Apdikter. Ausser natierlech, e läit grad mat enger Erkältung am Bett.