Vältesdag

Soll ech oder soll ech net - haut am Apropos iwwer Vältesdag schwätzen? Déi Fro hunn ech mer lo e puer Deeg laang gestallt. Iergendwéi ass et jo e schéine Sujet - iwwer d'Léift an d'Verléiftsi schwätzen, ka jo eigentlech keen engem iwwel huelen. Oder awer?Loosse mer emol soen iwwel huele ka keen engem et, mä ech verstinn och, datt net jiddereen deen Dag gär huet, well en an der Duerstellung dach awer gär an iwwerdriwwe Romantik a Kitsch verfält. Ze vill Pathos ass net jidderengem säint. Mä wie grad am 7ten Himmel schwieft, deem ass dat relativ egal, dee gesäit alles souwisou himmelblo-rosa.
Da gëtt et nach déi, déi scho gär un hir Léifsten denken, awer deenen de ganze kommerziellen Aspekt net läit. Muss een onbedéngt de neiste Parfum oder de schéinste Bouquet Blumme schenken oder soss en deiere Cadeau? Nee, muss een net. Et kann ee sech jo och en onkonventionelle Liebesbeweis afale loossen.
Muss ee mat sengem Drammann oder senger Dramfra da wierklech haut op den Dag an de Restaurant? Nee muss een och net. Wie frou mateneen ass, dee fënnt ëmmer eng Geleeënheet, fir dem Partner dat ze beweise mat engem Candle-light-dinner oder soss engem exklusiven Iessen zu zwee.
An da ginn et vrun allem och déi Leit, deene Vältesdag einfach just wéi deet. Well se net zu zwee sinn, oder well déi grouss Léift einfach nach net do war oder vläicht scho laanscht ass an d'Erënnerungen dorunner nach ze frësch sinn. Fir déi ass esou en Dag vun de Verléiften net einfach.
Dofir: Wa mer dann aus dem Vältesdag elo mol net just den Dag vun de Verléifte géinge maachen, mä och den Dag vum Sech-Verstoen, vum Mateneen a vun der Frëndschaft?
An dat geet och ouni Chanel 5, Rout Rousen an Austeren um Teller. Vläicht einfach mat engem Laachen oder engem kuerze Small-Talk mat deenen, wou een sech soss ni ënnerhält.
Dofir: Sidd einfach léif mateneen!
A vläicht net nëmmen haut.