De Mënsch, dat komescht Déier!

Wat iesse mir am Joer 2050? Dass Fësch a Fleesch knapp ginn an de vegetareschen Deel zouhëlt, schéngt mëttlerweil evident ze sinn. De Camille Ney beschäftegt sech awer nët mam Inhalt, mee mat der Form vun deene Liewensmëttel…
Op countrymeters.info kann een den aktuelle Stand vun der Weltbevëlkerung live materliewen. Mir sinn zanter enger Zäitchen zu méi wéi 8 Milliarden an de Compteur vun de Gebuerte leeft däitlech méi séier, wéi dee vun de Leit, déi stierwen. Et mussen also an deenen nächste Joren nach méi Mënner gestoppt ginn op enger Welt, déi net wiisst.
Do ass et kloer, dass déi opwänneg Fleesch- a Fëschproduktioun net kënnen duer goen, fir dass jidderee säi Bifdeck oder säi Filet de Cabillaud all Dag ka genéissen, och ganz einfach wirtschaftlech net. Wat dann? Zanter Jore gewënnt dee vegetareschen a vegane Liewensstil u Popularitéit. Planzen, Kraider, Uebst a Geméis si genuch do a wuessen no! Eng grouss Lëtzebuerger Millen huet viru Kuerzem ugekënnegt deemnächst iwwer 50% vun hirer Produktioun op Proteinprodukter aus Planzereschter a Schuelen ëmzestellen. Nohaltegkeet pur!
Jiddereen entscheet fir sech, wéi e sech ernäert, jee no Goût a Budget. Mee dat, wat mir schonn zanter Joren immens bosseg virkënnt ass d’Form vun deene sougenannten „alternative“ Liewensmëttel. Déi ass alles anescht, wéi alternativ! Et ginn Tofu-Burger, Seitan-Steaks, Soja-Schnitzel, Veggie-Bouletten, Krocketten, Wirschtercher, Gehacktes, Cordon Bleu, Nuggets a Salami, Geméis-Carpaccio a Champignons-Wurscht, am beschten och nach mat Jeeërzooss!
Do feelt et dem Marketing wierklech u Kreativitéit fir déi Mëschungen aus Soja, Weess, Ierbessen, Sonneblummekäre, Bambusfaseren, Eeër, Rapsueleg an Omega-3-Fettsaieren an enger anerer Form unzebidden. Oder ass de Mënsch wierklech esou komesch gestréckt, dass en nëmmen dat, wat e kennt a punkto Konsistenz a Form, zou sech hëlt, getrei dem „wat de Bauer net kennt, dat frësst en net!“?
Zanter 2017 daarf iwwregens d’Huewer-, d’Soja- oder Mandelmëllech net méi esou genannt ginn an du gouf eben en Drink draus gemaach. Ech géif mir vun de Kreativen an der Liewensmëttelbranche och méi Kreativitéit bei der fester Ernierung wënsche, fir dem Mënsch, deem komeschen Déier, op eng méi originell Aart a Weis Appetit ze maachen an dem Gehier net wëllen ze verstoe ginn: et ass zwar keen Hamburger, mee et gesäit esou aus! Oder kënnt deen Trend ieren dohier, dass sech Veganer oder Vegetarier sech op enger Grillparty net sollen ausgeschloss fillen? Dat wier nach schlëmmer...
Um Enn nach eng kleng Anekdot: wéi ech als jonke Student an d’Stader Boulette koum, du wollt ech natierlech wësse, wou deen Numm hierkéim! Du krut ech vun de Primaner gesot, dat wier well d’Schwësteren d’Gehacktes ëmmer ënnert den Äerm zu enger Boulette geformt hätten. Do muss ech nach haut ëmmer drun denke, wann ech e Burger iessen – op en aus Fleesch oder aus Geméis ass!