Blonde

© Star power: Monroe in 1959 at New York's La Guardia airport © AFP/File/-
Zanter eng Zäitche leeft de Film Blonde op Netflix. D'Verfilmung vum Buch vun der Joyce Carol Oates suergt fir vill Opreegung, Ierger an och schlecht Kriticken. Ëm wat geet et? Ëm d'Marilyn Monroe, déi dëst Joer hire 60. Doudesdag hat. Keng Filmkritik, mä just e puer Gedanke vum Marie Gales.
De Film ass ze laang an nach ni gouf déi amerikanesch Filmikon sou gutt duergestallt wéi vum Ana de Armas, wou ee mat Amenter mengt, d'Marilyn Monroe wier am Bild. Dat sinn déi 2 Punkten, déi ech aus dem Film zréckbehalen. De Rescht war fir mech net nei.
Muss een d'Liewe vum Norma Jeane Baker alias Marilyn Monroe esou cru duerstellen? Abee et ass d'Verfilmung vun engem Buch, déi villes uspillt wat kéint gewiescht sinn, gemëscht mat richtege Faiten an der Actrice hiert Liewe war sécher kee Schéint. Firwat dat net weisen, amplaz alles ze vertusche fir déi meeschtfotograféiert Fra vun der Welt vun deemools net vum Sockel ze stoussen.
Dat geschitt jo net, et huet een duerno am Fong nach méi Empathie mat der Fra, déi séier verstanen hat, datt d'Grousserauskomme vu Männer bestëmmt gëtt, matgespillt huet an dorunner zerbrach ass.
60 Joer nom Doud vum Marilyn Monroe, steet den Harvey Weinstein fir eng x.Kéier viru Geriicht, well dëse Filmproduzent ee vun esou Männer ass, dee Fraen ausgenotzt, virun allem sexuell, well dës Karriär an dem Showbusiness maache wollten.
Showbusiness ass fir déi meescht vun eis wäit ewech, mä dat Abuséieren hält jo do net op. Graff resuméiert, iwwerall wou et Mënsche ginn, gi Mënschen ausgenotzt, fir datt anerer dovunner Notzen droen, sief et alt och just fir e puer hongereger Sekonnen.
Dat ass deen ee Message, dee fir mech kloer aus dem Film ervirgeet. An deen anere Message: Huet e Mënsch keng stabil Kandheet, da gëtt säi Liewen als Erwuessene schwéier. Sou wéi beim Norma Jeane, hir Mamm war psychesch krank a hir Weeër sinn duerch Kannerheemer a friem Famille gaangen.
Dofir ze soen, datt de Film der Actrice net würdeg ass, ass net richteg fir mech. Esouguer déi Fra, fir déi Millioune Mënsche geschwäermt hunn an nach schwäermen, ass duerch d'Hell gaange well si en Dram hat. Sécher vill Fraen op dëser Welt hu e vill méi grausaamt Liewen wéi elo dës Ikon, awer d'Marilyn Monroe ass fir vill e Begrëff an e gutt Beispill dofir, datt net alles Gold ass, wat blénkt.