Vun hannen no vir

Am Juni 1956 publizéiert den Horace Mitchell Miner am American Anthropologist , en Artikel mam Titel „The Body Ritual among the Nacirema“, also iwwert d'Kierperritualer vun den „Nacirema“. Dës renomméiert Fachzäitschrëft fir Antrophologe – der Wëssenschaft oder Léier vum Mënsch, sollt der dat zoufälleg vergiess hunn – wor houfreg senge Lieser d'Vollek vun den „Nacirema“ an hirer Kultur , virun allem d'Wichtegkeet vu der Hygiène an dëser Gesellschaft, méi no ze bréngen. Sollt der awer elo nach ni vun den "Nacirema" héieren hunn, dann ass dat ganz normal: well dëst Vollek ass just e Wuertspill a liest een „Nacirema“ vun hannen no fir da gëtt dat „American“. Sou huet den Miner déi antrophologësch Fachsprooch benotzt fir eng Satire iwwert seng eegen Kultur, nämlech déi vun USA an den 50er Joeren, ze schreiwen. An beschriwwen ginn an der Haaptsaach den „Nacirema“, also den Nordamerikaner, stellvertriedend fir déi ganz westlech Welt, hiren Drang no Propretéit a medizinescher Betreiung, virun allem den Alldag souwuel am Spidol wéi och an der Psychiatrie.
„Nacirema“ ass awer just een vun ville Wuertspiller déi einfach vum Miner vun hanne no fir geschriwwe ginn. Net fir näischt ass dësen Artikel bis haut den erfollegräichsten an der iwwert 100-järeger Geschicht vun dëser Fachzäitschrëft. Op mannst an dem Sënn dat keen aneren Artikel sou oft nogedréckt gouf wéi dësen. An d'Wirkungsgeschicht vun dësem wëssenschaftleche Bluff ass sou grouss dat den Begrëff „Nacirema“ selwer zum Fachausdrock ginn ass an dat bis haut bliwwen ass, souwuel an der Anthropologie wéi och an der Soziologie.
Am Moment fueren mir an Europa an och zu Lëtzebuerg selwer vill vun hannen no fir – mam Ënnerscheed dat et weder e Wuertspill ass nach sou eent iergendeppes géif hëllefen. Well eng Iddi bleift och vun hannen no fir eng Iddi – et misst en just emol eng hunn respektiv op déi lauschteren déi der gudder hunn – am Sënn vum Habermas senger Muecht vum besseren Argument.