"gëtt et net méi …"

Ass et Iech och scho virkomm? Dir sicht am Buttek no engem bestëmmte Produit, deen der schonn zanter Joere benotzt a musst feststellen, datt et déi Mark neierdéngs net méi gëtt. Een haarde Moment, fënnt de Gibbes Bertolo ...
Zum Gléck kënnt et jo net dacks vir, mä wann, da kann et mol ferm wéi doen. Am Kapp, am Häerz, an der Séil. Mir selwer ass et viru gutt 2 Méint passéiert. Ech si guttgelaunt an ouni béis Virahnung mam Caddie duerch d’Rayonen vum Supermarché gezunn a wollt, wéi ëmmer, meng Dose Jughurten ( déi mat Hambier an Zitroun an déi mat Mango an Orange ) an de Weenchen tässelen, wéi op eemol eppes mech aus der Akafsbunn gehäit huet: Se waren net méi op hirer gewinnter Plaz. Och mäin zweeten, héichkonzentréierte Bléck konnt se net am Killschaf entdecken. Op meng Fro, wou meng allerléifste Jughurten dann neierdéngs ze fanne wieren, koum déi frëndlech awer brutal Äntwert: „Ah, Monsieur: déi ginn et leider net méi. Déi ginn net méi gemaach!“
Ech sollt aus alle Wolleke falen. Mäi Jughurt gëtt et net méi! Dat gëtt et dach net … also dach, leider. Mä firwat grad deen? Et ginn onendlech vill Zorten, a bestëmmt och déi eng oder aner, déi net onbedéngt hätt missen erfonnt ginn. Bon, les goûts et les couleurs – et ass nun mol eng Tatsaach : Mäin ass fort. Fir ëmmer. A wat elo?
Ech si mëttlerweil driwwer ewech a hu mech och mat enger anerer Mark ugefrënnt, mä ganz éierlech: ech vermëssen en. All Moien, um Kaffisdësch. An all Moien klëmmt meng Roserei a mer, d’Roserei op déi oder deen, deen et gewot huet, grad mäi Jughurt aus ëm Verkéier ze zéien. Ass en net genuch verkaf ginn? Hu Leit reklaméiert? War e vläit ze gutt?
Mat der Zäit winnt ee sech un alles, och wann et am Ufank schwéier fällt. Vältesdag ass zwar erlaanscht, mee de Verglach schéngt mer awer net mat den Hoer erbäigezunn: Am Ufank deet esou eng Trennung immens wéi, et bleiwen eng Parti ongekläert Froen, mä lues a lues gesäit een hannert de Wolleke schonn nees d’Sonn. An enges Daags begéint een enger neier Léift. Mir ass se nach net begéint, mä ech hunn der am Laf vun de leschte Wochen e puer kennegeléiert, déi mer nawell ganz sympathesch sinn. Bei deenen ech mer och eng méi laangfristeg Relatioun gutt kéint virstellen. Banann mat Kiwi oder Abrikos mat Bir ...
Esou bal et eppes méi Seriéises ass, soen ech Iech et.