Et ass eng begrenzte Ressource a kee vun eis weess wéi vill en es dovun huet. Et ass also net vu Mutwëll fir sech gutt z'iwwerléeën wéi een domat ëmgeet. Am Apropos vun haut mécht d'Bea Kneip sech Gedanken ëm...d'Zäit

Apropos: Zäit

An der leschter Nuecht krute mir alleguer e klenge Kaddo:  eng Stonn Zäit fir de Sonndeg méi lues unzefänken. Mä och déi Stonn ass just geléint, spéitstens am Fréjoer musse mir se nees zeréckginn. Dass Zäit eppes Wertvolles ass, dees gëtt een sech dacks eréischt no an no bewosst. Als Kand mengt een et hätt een all d'Zäit vun der Welt, mä spéitstens mat der Kommiounsauer - déi hautdesdags wuel éischter dem Handy Plaz gemaach huet - mierkt een dass dat net de Fall ass.

Mä et sinn net just d'Zäre vun der Auer déi keng Gnod kennen, och d'Zäit(en) ännere sech. A mir änneren eis mat, ob mir wëllen oder net. Pandemieszäiten, Krichszäiten, oder d'Epoch vum Klimawandel, alles dat huet eppes mat eis gemaach. Sech zeréckzewënschen an "déi gutt al Zäit" - déi seelen esou gutt war, wéi een se an Erënnerung huet - hëlleft do wéineg. "Mat der Zäit goen", och dat kann awer eng Fal sinn. Et muss ee jo net all Moudentrend matmaachen, just well ee suggeréiert kritt, dat wier "zäitgeméiss". Sou munches vun dem Zäit-Geméis ass a Wierklechkeet just Kabes!

Mä kann een d'Zäit vergiessen, einfach esou aus der Zäit erausfalen a sech lassléisen vun dem permanenten "Zäit-Drock"? Heiansdo ginn et esou Momenter a deenen een net op d'Auer kuckt an dat sinn normalerweis déi bescht Momenter iwwerhaapt, déi fir déi et sech lount ze liewen. Villäicht ass Zäit jo suguer dat Wäertvollst iwwerhaapt. Mir verkafen se un eise Patron wa mir schaffe ginn, mir gi queesch wa mir se gestuel kréien, mir verschenken se u Leit déi eis wichteg sinn, a fir eis selwer...kënne mir just dat Bescht doraus maachen.