Sech iwwer eppes freeën, einfach nëmmen e Moment genéissen oder sech zefridde fillen, geet dat nach an dësen Zäiten? D'Christiane Kremer gëtt do e Gefill net lass.

06/11/2022 Apropos: E fad "Bäigefill"

Et hat esou eppes vu Gemittlechkeet a gudder Laun: vrun e puer Deeg hunn ech bei oppener Balkonsdier Stëmmen a Laache baussen héieren. Beim Nopeschhaus hu sech e puer Mënschen op der Terrass mat Gesellschaftsspiller ameséiert. Et war esou e Bild vun Zefriddenheet.

Zefriddenheet, e Gefill, dat engem haut bal anachronistesch a verluge virkënnt, well et engem virgaukelt, et wier jo alles an der Rei an et soll een dat genéissen. Mee et ass jo nun emol net alles an der Rei: och déi beschriwwe Situatioun net, well ëmmerhin ass se op engem 29. Oktober gewiescht - zu engem Moment, wou eigentlech schonn all Terrassestull misst ënnerdaach sinn an den Hierscht éischter an déi waarm Stuff wéi op déi oppen Terrass invitéiert. 
A schonn hat den eigentlech schéine Moment esou e fade Bäigeschmaach oder esou en desagreabelt "Bäigefill", fir emol esou en Term ze kreéieren.

Dëst "Bäigefill" taucht méi dacks op, scho moies beim Erwächen, wann ech mech eigentlech fit oder ausgeschlof fillen an dann awer bei den éischten Noriichten um Radio nees léiwer zeréck wëll an de Schlof oder den Dram (virausgesat et war keen Alpdram).

Oder owes, wann ech heemkommen an d'Wunneng gemittlech ass. Déi aktuell Krichssituatioun an Energiekris dreift jo d'Präisser an d'Luucht an den Thermostat erof, op 19 Grad oder nach drënner. Mee déi vill Sonn wiermt am Dag fir owes mat. Dat deet gutt! Obwuel sou héich Tempraturen am November? Erëm dat "Bäigefill"!

Oder bei dëse Biller: Dem Van Gogh seng Sonneblummen kréien eng Tomatenzopp an d'Gesiicht, um Vermeer sengem Meedchen mat dem Pärelouerréng pecht een, dem Monet seng Heebotte si voller Purée, d'Mona Lisa voller Taart ... Alles mat der Fro: wat ass méi wäert? D'Konscht oder d'Liewen?
Meng Reaktioun: Muss dat wierklech sinn? Geet de guttgemengten a wichtegen Asaz géint de Klimawandel net elo awer iwwer seng Grenzen eraus? D'Opreegung doriwwer ass och weltwäit grouss.

Mee dann ass do awer erëm dat "Bäigefill": dee wäermsten Oktober vun allen Zäiten gouf grad gemooss.