WM am Katar

Nächste Sonndeg Punkt 5 Auer fänkt mam Match Katar géint Ecuador déi 22. Futtball Weltmeeschterschaft un. Laang Zäit gouf de Futtball als schéinsten Niewesaach vun der Welt bezeechent. Esou richteg Freed a Begeeschterung kënnt dës Kéier awer net op, mengt de Guy Seyler a sengem Apropos vun haut.
2010 krut de Katar den Zouschlag fir d’WM 2022 ze organiséieren. Korruptioun a Bestiechung waren am Spill. Fir Milliounen Dollar goufe Stëmme kaaft. An elo, 12 Joer méi spéit, fänke mir un, eis doriwwer opzereegen.
Datt et an dësem klenge Wüüstestaat am Summer bis 50 Grad waarm gëtt, wie konnt dat dann 2010 scho wëssen! Ma wéi mir et gemierkt hunn, gouf dat Ganzt einfach an den November verluecht. Matten an de Championnat, wat anscheinend awer kee stéiert.
Et geet ëm d’Geschäft. Eleng d’Televisiounsrechter bréngen der FIFA Milliarden.
Datt Demokratie am Katar e Friemwuert ass, an d’Mënscherechter do net esou wichteg sinn, dat wosst bis elo anscheinend och keen.
Déi 6 nei Stadien hunn 3 Milliarden Dollar kascht. Gebaut goufen se exklusiv vu Migranten fir en Hongerloun an ënner onmënschleche Konditiounen.
Déi brittesch Zeitung „The Guardian“ schwätzt vu 6500 Aarbechter, déi hiert Liewen op de Chantiere gelooss hunn. De Katar seet, et wieren der knapp 50 gewiescht.
An elo, vill ze spéit, ginn op eemol d‘Aen eis op. Mir fuerderen de Boykott vun der WM. Public Viewing gëtt et och zu Lëtzebuerg keen.
Paräis rifft de Boykott aus. Kee Public Viewing, keng Fanzonen an der franséischer Haaptstad. Wéi schäinhelleg ass dat dann? Wien ass scho méi President vum PSG?
Verspriechen, et géif sech duerch déi WM villes am Katar änneren, gleewen ech net. D’FIFA steet – laut hire Statuten – fir Integritéit, Ethik a Fairness. Kennen hir Memberen deen Abschnitt?
De FIFA President Infantino – deen zanter 2021 ongenéiert am Katar wunnt - versprécht déi beschten a schéinste Futtball WM vun allen Zäiten. A fuerdert déi 32 Natiounen op, just Futtball ze spillen. A fir de Rescht schéi brav de Mond ze halen.
Virfreed op dës WM spieren ech keng. Soll ech dann elo awer kucken, an der Hoffnung op e klenge Skandal? Oder soll ech léiwer Stroum spueren – wat an dësen Zäiten jo och net onwichteg ass?