Adventskalenner

Adventskalennere gëtt et zanter der Mëtt vum 19. Joerhonnert. Wärend di traditionell Kalenneren éischter bescheide woren, ass den Adventskalenner vun haut e Lifestyleproduit. An et ass net evident, dee passenden ze fannen.
Ech sinn nach net wierklech a Chrëschtstëmmung. Meng Kanner dofir awer ëmsou méi. Si hu mech schonns e puermol drun erënnert, datt mir nach en Adventskalenner brauchen.
Am Verglach zu de Kalenneren aus menger Kandheet si schonns eleng d’Verpackunge vun deenen, déi aktuell verkaf ginn, reegelrecht Konschtwierker. An 2D oder, extra exklusiv, an 3D.
Di gesellschaftlech Tendenz zur Individualiséirung fënnt een och bei den Adventskalenneren. Fir all Familljemember, vum Bëbee bis zum Senior an der Seniorin, ginn et sou vill Optiounen, datt engem de Kapp dréint. Adventskalennere kritt ee souguer fir Hausdéieren. Fir Mupp, Kaz, Nager - a vläit deemnächst jo och fir Goldfësch.
Di eng Kalennere sinn genderneutral, di aner halen och 2022 d’Klischeeën héich. Sou gëtt et z.B. rosa Einhorn-Kalennere fir Meedercher a fir Jongen eng blo Variant mat klengen Autoen. E richtege Mann feiert den Advent mat Premium-Handwierksgeschier, oder, als "Foodie", mat seelene Béieren an eedele Salamien.
Sollt di ganz Famill Freed hunn, ass e Bicheradventskalenner oder een, dee sozial Projeten ënnerstëtzt, am Fong flott. Awer oft net nohalteg, wann de Kalenner iwwer wäit Strecke geliwwert gëtt.
De Knippercheskalenner fir ze deele kéint passen. Dee kascht allerdéngs bal 140€. An et bräicht een der schonns zwee fir eng Famill.
Iwwerhaapt: D’Kalennere vu fréier, mat all hire kitschege Biller an iwwerséisse Schockelaen, konnt all Mënsch sech leeschten. Haut ass dat net méi de Fall. Et muss ee relativ déif an d’Täsch gräifen, wann de Kalenner trendy soll sinn. Trotz der Kris boomen d’Kalennere mat Luxusproduiten. Sou gëtt sech dekadent op Chrëschtdag an de Konsum-Overkill agestëmmt. Sozial Ongläichheet also och beim Adventskalenner.
Mat mengem Gedeessems hunn ech iwwregens lo nach ëmmer kee Kalenner. Ech méngen, nächste Weekend bastele mir einfach nees een.