Bëssi spéit reagéiert!

© © SID/KARIM JAAFAR
Elo ass se un d'WM am Katar. Dës ëmstridde Weltmeeschterschaft ass dann och Sujet beim Marie Gales.
Zanter 2010 ass gewosst, datt 2022 am arabesche Golfstaat dës WM géif organiséiert ginn. Allerdéngs war dës Decisioun vu jorelaange Diskussioune ronderëm Korruptioun an Opreegung iwwert uerg Aarbechtskonditioune begleet, egal et huet näischt geännert. Den 20. November gouf ugepaff.
Ech si kee Fan vu Fussball, de sportlechen Aspekt fannen ech awer super, den haarden Training an och d'Begeeschterung fir déi oder eng aner Ekipp oder ebe Land an dësem Fall, do sinn ech mat.
Mech degoûtéiert allerdéngs de Revers vun der Medail. Déi Suen, déi do fléisse fir Spiller oder Ekippen, fannen ech esou schlëmm, datt ech mech striewen e Match ze kucken. Déi Vermaartung an d'Optriede vun eenzele steeräiche Spiller iergert mech därmoossen, sou datt ech de Goût un dësem Sport verluer hunn.
Wat sollen déi topeg Aussoen fir wëllen eng Aarmbind unzedoen fir eng Solidaritéit ze weisen an se awer net unzedoen, well ee soss eng Strof kéint kréien? Sech de Mond zouzehalen an domadder eppes wëllen auszesoen, wat soll dee Kabes?
Beim Monolog vum Fifa-President Infantino kann ee och just staunen, wann hien opzielt wat hien alles net ass, fir et mol richteg ze stellen. Well hien ass keen Afrikaner, net behënnert a wat e soss nach alles vu sech ginn huet. An ech weess och net ob ech wierklech berouegt wier als queere Football-Supporter an de Katar ze reesen.
Mä dovunner mol ofgesinn, amplaz sech just op Katar ze versteiwen; an ech si voll a ganz mat de Mënscherechtler averstanen, déi reegelméisseg op Verstéiss an deem Land opmierksam maachen; et ginn nach vill aner Länner wou ee sech Gedanken ka maachen. 2010 war eng Football-WM a Südafrika, och do si vill Mënschen net mat Zoossiss ugestréckt an d'Apartheid ass do nach net aus de Käpp.
Olympesch Spiller a China, och do kann ee sech vill Gedanke maachen, 2022 waren do déi lescht Wanterspiller. Och wann ee do schéi Biller presentéiert krut, wier d'Volleksrepubik en Albdram fir Mënscherechter, sou Human Rights Watch.
Ech verstinn, datt Sportler sech wëlle moossen, an dofir och laang trainéieren. Awer fir elo ze soueren, wat alles am Katar schif leeft, do ass een e bëssi spéit un. Et soll een dann elo iwwert deen Terrain lafen. Wat ännert dat elo nach? Hätt ee wierklech en Zeeche setze wëllen, dann hätt een als Spiller sollen doheem bleiwen an d'WM boykottéieren.