Léiwe Kleeschen

En Dënschdeg ass Kleeserchersdag! D’Kanner hunn hir Lëscht bestëmmt schonn alleguer prett an de Camille Ney huet dem hellege Mann och e Bréif geschriwwen...
Léiwe Kleeschen,
Du wäerts sécher deck am Stress sinn, ech wëll dech och net laang ophalen. Ech wollt dir just soen, dass ech déck frou sinn, dass et dech nach gëtt! Du schenks eis Wäermt, Léift, Freed, jo, esouguer Begeeschterung, Gebuergenheet an Zefriddenheet... an alles ouni och nëmmen een Cent derfir ze froen! Bis elo huet nach kee sech getraut dech ze genderen oder aus dem Kalenner ze huelen, well s Du jo e reliéisen Hannergrond hues. Un d’Chrëschtkëndchen huet sech jo och nach kee getraut! An ech kann Iech zwee berouegen: och wann d’nächst Joer Wale sinn, do wäert keen op d’Iddi kommen Iech zwee ofzeschafen, well op dengem Dag hunn d’Kanner schoulfräi a Chrëschtdag sinn esouguer 2 Feierdeeg hannereneen. Do geet kee sech d’Fangere verbrennen! Ech weess net op’s du dat weess: zanter dem 29. Juli 2019 gehéiert Niklosdag zu eisem nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen – eigentlech komesch an engem Kontext vun ëmmer méi Trennung vu Kierch a Staat. Mee bon, du wäers dech bestëmmt net driwwer bekloen – dat ass esou eppes wéi deng Liewensversécherung!
Du gëss jo souwuel an der kathoulescher wéi an der orthodoxer Kierch als Hellege veréiert. Ech hu gelies: a Russland bass Du esouguer deen am meeschte veréierten Hellegen nom Maria! An do muss du eis e Gefale maachen: wann s Du muer zu Moskau am Kreml bass, da so dem Houseker wgl, hie soll dee klenge Vladimir vun eis beetsche, bis en net méi um sengem héije Päerd sëtze kann! Däin Dag ass duerch hie fir vill Kanner dëst Joer ganz däischter, traureg, naass a kal. Dat duerf net sinn!
Pass och gutt op, wann s Du erof kënns, well hei zirkuléiert nach ëmmer dee komesche Virus, vun deem nach ëmmer kee weess, vu wou en hir koum, mee dat weess du jo schonn. An déi dech och gutt waarm un, well et ass fatzeg kal hei ënnen, bannen a baussen! Bréng och genuch Sue mat, well et ass alles méi deier ginn. A wat hues du eng Chance, dass du mat dengem Iesel ënnerwee bass an net brauchs tanken ze goen! Wonner dech och net, wann iwwerall d’Luuchten aus sinn. Mir spuere grad, wou mir kënnen, mee du wäers däi Match scho maachen! Apropos Match: wann s Du ieren och am Katar bass an du begéins engem gewëssenen Infantino: well deen esou kannereg heescht, stellt dee bestëmmt nach de Schong viru seng Hotelssuite! Maach him wgl näischt dran, deen huet scho genuch!
Sou léiwen Zinniklos, ech wënschen Dir vill Spaass op dengem Tour! Am Numm vun eise Kanner soe mir Dir elo scho villmools Merci! A wann s Du eis um Heemwee an den Himmel vläicht nach e puer CO2-Lächer kënns stoppen, da wiere mir dir och immens dankbar, well mir bréngen dat net fäerdeg!
Allez, alles Guddes a bleif gesond!