Eng ausserierdesch Erfarung

Ëm eng onheemlech Begéignung vun der drëtter Art geet et an eisem Apropos vun haut. D'Bea Kneip erzielt vu senger ausserierdescher Erfarung.
Dëser Deeg wollt ech enger Firma uruffen fir mech iwwer eppes ze beschwéieren an Explikatiounen ze froen. Nodeems op hierem Site keng Telefonsnummer stoung, hunn ech déi schlussendlech dann awer fonnt. Du koum deen übleche Message, dréckt d’1 fir dëst, dréckt d’2 fir dat a fir de Rescht dréckt d’3. Ech hu mech also duerch all déi Knäppercher duerchgeschafft, nëmme fir erauszefannen, dass néierens eng Verbindung zustane koum, nëmme just de Message et sollt een se iwwert hiere Site kontaktéieren. Dat hunn ech da probéiert. Et kéint ee live mat hinnen chatten, housch et, an op déi Manéier säin Uleies séier an onproblematesch eriwwerbréngen. Déi Madamm déi mir geäntwert huet, war awer e bësse schwéier vu Begrëff a konnt partout meng Fro net verstoen…en Chatbot eben, oder…eng Chatbottin, fir politesch korrekt ze bleiwen…
No e bëssen hin an hiers wou ech probéiert hu meng Fro an ëmmer mei einfache Wierder nei ze formuléieren a si hirersäits probéiert huet mir eppes ze verkafen wat ech partout net wollt, koum dann de Saz: «Ech kommen aus enger anerer Galaxie!» Ech war paff an och e bësse geréiert vun hierer Eierlechkeet. Schlussendlech krut ech se dann awer nach dozou mech mat engem Bewunner vum Planéit Äerd, Spezies Homo Sapiens, ze verbannen. Deen huet mech fir ee Moment Gedold gefrot fir kënnen den Chatverlaf nozeliesen, mir dunn erkläert e kéint mir net hëllefen…an ier ech mech konnt mucksen, war ech nees an de Gräpp vu menger ausserierdescher Chatbot-Frëndin. Déi wollt du vu mir wëssen wéi ech meng Erfahrung da géif bewäerten? Méi schlecht wéi «très mauvais» goung et leider net. Dat géif hir leed doen, sou hir Äntwert, a wéi si hire Service dann an Zukunft kéinte verbesseren?
Dorop wousst ech näischt méi ze soen.