Mir si matten dran an der geckeger Zäit oder der 5ter Joreszäit, wéi se bei eisen däitschen Nopere soen. Bei hinnen awer grad nach een Dag an dann ass et gedoe mat der Verrécktheet vun der Fuesend. Dann ass Äschermëttwoch an d'Faaschtenzäit léist alles of wat am Iwwerfloss an ouni Aschränkungen do war a genoss ginn ass.

A wann et eriwwer ass, ass et eriwwer an alles leeft nees am normale Rhythmus an et kann een nees streng kucken a streng oppassen, datt an deenen anere 4 Joreszäite keen aus der Roll fält. Soss kann dat Konsequenze kréien: besonnesch - awer net nëmmen - déi aner Säit vun der Musel.

Déi lescht 2 Deeg konnt een d'Impressioun kréien, datt net just verkleete Gecken do verréckt gespillt hunn.

Wien huet dann do gëschter mussen eng Mask undoen oder wien eng fale loossen, wéi déi däitsch Parteispëtzten sech an aller Eintracht mam neie Bundespräsident-Kandidat gewisen hunn? Dat hu sécher net nëmmen ech mech gefrot.

Wien huet sech am meeschten ënnert dem Fueskostüm verstoppt an eppes virge"gauck"elt? Wien ass de Clown mat der rouder Nues an der Tréin am Knäpplach. Wien d'Funkemarieche, dat mat grousse Schrëtt alles ewech danzt, wat an de Féiss steet? D'Gesiichter waren op alle Fall eescht- an dee Poste vum Bundespräsident ass jo awer och méi wéi dee vun engem Prinz Karneval, dee passend gekleet op all gréisserer Sitzung opdaucht, wénkt an Alaf oder Helau rifft. An et ass och anescht wéi a Frankräich, do kënnt e President ëmmer eréischt vrum Parquet zu Fall, wann e laang net méi am Amt ass.

De Stull am Schlass Bellevue ass grad esou e wacklegen, wéi dee vun engem Fussballtrainer. Besonnesch zu Berlin, do hu se an enger Hallwer Saison lo schonn den 3 Trainer engagéiert an op de Stull vum Bundespräsident kënnt elo och schonn den 3 Mann sëtzen an Zäit vu knapps zwee Joer.

D'Fro wien, schéngt jo mol gekläert. Aner Froe bleiwen, wéi déi:

Firwat net emol eng Fra?

Oder ass eventuell en Troun déi méi adaptéiert Sëtzplaz fir e Chef d'Etat?

Oder soll d'Vollek decidéieren?

Dat ass jo net permanent a Fuesstëmmung.