Contraceptioun

Zanter Ufank vun dësem Joer kréien déi jonk Fraen bis 25 Joer 80% rembourséiert, wa si mat enger Ordonnance vum Dokter hir Verhütungsmëttel kafe ginn. Eng gutt Iddi, muss ech soen. Domadder wier déi finanziell Barrière mol kee Thema méi. Et wier zwar nach méi schéin, wann elo all Fra, egal wéi al se ass, hir Sue dofir géif erëmkréien - bon et sief, et ass jo schonns mol e Schratt an der richteg Richtung. Elo muss et just nach mat der Opklärung klappen, mä do schéngt et ze happeren.
Wou fréier Elteren, wa se dann iwwerhaapt hir Kanner opgekläert hunn, ganz verzweiwelt no de richtege Wierder gesicht hunn, fir dës Prozedur mat Fra a Mann ze erklären, hunn ech haut dacks d'Impressioun, dass Elteren sech déi Méi net maachen. Firwat och, 2012 do gëtt et eng App fir alles an op der Tëlee huet een dach schonns alles gesinn, wat soll een do nach opklären??
Läit net do d'Kromm an der Heck?
Well jidderee mengt, all Jonke wier opgekläert, ass do eng Lacune entstanen. Mir mussen eis bewosst sinn: haut geet alles méi séier, wierklech alles. Och d'Entwécklung vun engem Kand geet dacks méi séier wéi engem léif ass. An ier een zum Opkläre komm ass, wann een dat wollt, kann et sinn, dass Kanner Kanner kréien an dann ass den Drama grouss.
Wéi konnt dat geschéien?
Tjo, wéi wuel!!?
Ob een dat komplett verhënnere kann, wann ee sengem Kand erkläert...so lauschter dat geet sou a sou, weess ech net. Natierlech soll een säi Kand och drop hiweisen, dass déi laang Ziedele bei der Antibabypëll net just Dekoratioun sinn. Mee dass een deen, am beschten, och als Mamm oder Papp e puer mol duerchliest an och den Dokter freet, wann een onsécher ass. Do steet zum Beispill drop, dass verschidde Antibiotik d'Wierkung vun der Pëll neutraliséiert.
A léif Meedercher, iwwerloosst d'Contraceptioun kengem aneren. Dir sidd et, deen d'Kand kritt. Kanner, déi kee wollt...et gëtt Näischt méi Trauereges!