Liewen!

No der Ausgeloossenheet kënnt de Verzicht an no der Iwwerschwenglechkeet och d'Nodenklechkeet- sou wëllt et de Prinzip vun der Faaschtenzäit an där mir elo dra sinn. Faaschten heescht jo net just verzichten, mä sech och emol intensiv mat sech, sengem Kierper a sengem Geescht ze beschäftegen a sech bewosst ze ginn, wéi ee säi Liewe féiert oder féiere wëll.
Mir ass vrun e puer Deeg en Zeitungsartikel an de Grapp gefall, dee mech nodenklech gemaach huet an dee – fannen ech – kënnt e puer Gedankenustéiss an dëser Zäit ginn.
Et goung doran ëm d'Buch „The top five regrets of the dying“ vun der Australierin Bronnie Ware. Déi jonk Fra huet scho fréi decidéiert net wëllen an hirem Bankeberuf ze bleiwen, mä ze reesen an eppes z'erliewen. Statioun gemaach huet se ënner anerem an England, wou se eng Zäit laang op enger Palliativ-Statioun Mënsche gefleegt huet. An dëser intensiver Zäit vun hirem Liewen huet d'Bronnie Ware vill erzielt kritt an dat elo an engem Buch verschafft. Wat se erlieft huet ass, datt vill Mënschen um Enn vun hirem Liewe Regrets hunn a Virwërf maachen, awer sech selwer Virwërf maachen. 5 Sätz sinn an de laange Gespréicher quasi ëmmer opgetaucht:
Ech wëllt ech hätt de Courage gehat mäin eegent Liewen ze liewen.
Ech wëllt ech hätt net esouvill geschafft
Ech wëllt ech hätt de Courage gehat, meng Gefiller ze weisen
Ech wëllt ech hätt de Kontakt zu menge Frënn gehalen.
Ech wëllt ech hätt mer erlaabt méi glécklech ze sinn.
Dës 5 Sätz beleet se am Buch mat de Geschichte vun de Mënschen, déi se betreit huet: Männer a Fraen, déi sech vill Gedanke gemaach hunn. Et geet och Riets vun deenen, déi glécklech kuerz vrun hirem Dout op d'Liewen zeréckkucken a mat engem Laache gestuerwe sinn. Mä de Fait datt déi meescht esou traureg an onglécklech waren, wéi se déi spéit Erkenntnis kruten, dominéiert an huet och der Schrëftstellerin de Wee opgemaach bewosst hire Lieweschoix ze maachen. Si schafft haut als Sängerin.
Déi Erfahrung wëll se mam Buch jidderengem mat op de Wee ginn, eben déi 5 Saachen, déi een onbedéngt soll maache fir glécklech kënnen ze stierwen.
Dofir lieft äert Liewen, schafft net ze vill, weist är Gefiller, bleift a Kontakt mat äre Frënn an erlaabt iech glécklech ze sinn.
Et klappt sécher net ëmmer, mä probéieren ass schonn en éischte Schrëtt. Op d'mannst muss ee sech dann net virgeheien de Courage net gehat ze hunn.