Den nächste Sonndeg, 22. Januar ass a China Neijoerschdag. Fir eis ass 2023 net méi nei, well mir hunn d’Begréissung schonn zwou Wochen hannert eis. Mir hunn dat gemaach mat Schampes, mat guddem Iessen a mat Knupperten. Freedefeier war zwar bal iwwerall verbueden. Mee wat këmmert dat mech, hunn der vill geduecht. Dat weist schonn, wat eis 2023 erwaart, mengt de Guy Seyler a sengem Apropos.

Audio Apropos e schéint neit Joer

Fir op e Freedefeier ze verzichten, goufen e puer Grënn ugefouert.

D’Déiere geroden a Panik a leiden ënnert dem Kaméidi.

Et gëtt onnëtz „Feinstaub“ an d’Loft geblosen. Wou mir dach soss esou empfindlech op Loftverschmotzung reagéieren.

Datt mat de Rakéiten déi béis Geeschter verdriwwe ginn, loossen eis däitsch Noperen sech op Silvester 137 Milliounen Euro kaschten. Vill Geld, wat do verpolvert gëtt.

Dës Argumenter gi ville Leit un deem berüümte Kierperdeel laanscht. „Mir ka keen eppes verbidden. Ech si mäin eegenen Här.“

Mir sinn op engem Punkt ukomm, wou den Egoismus all Zort vu Respekt an den Eck gedréckt huet. De Respekt vis-à-vis vun eise Matmënschen huet ofgeholl. Genee wéi de Respekt virun der Obrigkeet, oder virun der Politik.

Reegelméisseg héiert ee vu Chauffeuren, déi ouni Permis, ouni Assurance an ënnert Alkoholafloss ënnerwee sinn. An dann nach domm a frech mat der Police ginn.

Ëmmer méi héiert een vun de sougenannte Jugendgangen. Do gëtt eng Kläpp gemaach, an dann houfreg de Video dovun online gepost. Am August d’lescht Joer schwätzt d’Police vun 40 Mannerjäregen, déi alleguer als ganz brutal agestuuft ginn.

Wann een dann iwwer eis Grenzen eraus kuckt, da gesäit et do nach méi schlëmm aus.

An Nordrhein-Westfalen huet en Dënschdeg e Schüler vu 17 Joer eng Léierin brutal erstach.

Silvester zu Berlin an zu Köln waren d’Police an d’Rettungsdéngschter d’Zil vu Chaoten. An der Haaptsaach waren dat jonk Leit.

Et huet een d’Gefill, wéi wann all Geleeënheet gutt wier fir Leit an Uniform ze attackéieren. Firwat? Well si et sinn, déi oppassen, datt mir eis Reegele respektéieren? Reegelen, déi eng Majoritéit sech selwer ginn huet.

Wann ech da gesinn, wéi Erdogan, Chamenai a Putin hier Muecht mëssbrauchen. Wéi d’Unhänger vun Trump a Bolsonaro sech behuelen, da gëtt et mir baang.

Ech mengen, déi schéinste Joren leien hannert eis. Mee d’Hoffnung soll ee jo ni opginn.

An deem Sënn: e schéint neit Joer.