Net upaken, wannechgelift!

Wie schmëlzt net, wann e vun engem frieme Bëbee ugelaacht gëtt? Déi Kleng mat hire grousse ronnen Aen sinn einfach ze léif. Verschidde Leit kënne sech do net zréckhalen a mussen déi aartlech Däbbessen direkt upaken. Fir d’Josiane Hoffmann geet dat guer net.
Ech hunn deslescht mat mengem eelste Meedchen a sengem klenge Brudder an engem Akafszenter e Kaffi gedronk. An dunn ass et mir alt erëm passéiert. Ech souz esou, datt ech se net komme gesinn hunn, déi eeler Damm, déi sech vun der Säit op mäi Bëbee gestierzt huet.
Mäi Meedchen huet mech grad nach mat Zäit gewarnt. A sou hunn ech mäi Bouf ewechgezunn an „Nee“ gesot. Der Madamm hir Hand ass an der Loft hänke bliwwen. Se hätt deen häerzege Klengen dach just wéilten heemelen, huet si beleedegt gemengt.
Ech kéint nach e sëllege sou Beispiller vu wëllfrieme Erwuessenen nennen, déi en onbändegen Drang hate mäi Jong unzepaken. Déi meescht vun där Spezies gräifen - ouni ze froen - no deem Klenge sengen Hänn, senge Baken a souguer sengem Mond. Mëttlerweil sinn ech relativ flénk am Ausweechen. Leider klappt dat net ëmmer. An dat iergert mech, grad och elo, wou Bronchioliten a Grippen ënnerwee sinn.
Ech versti ganz gutt, datt kleng Mënschen eng Faszinatioun op hir Ëmwelt ausüben, besonnesch och op eeler Leit, déi dacks eleng sinn. Ech hu kee Problem domat, wann een deem Klenge laacht oder Spiichte mat him mécht, wa mir ënnerwee sinn. Wann een eis uschwätzt, poteren ech och gären e bëssen iwwert de Bëbee. Sou laang eben eng gesond Distanz respektéiert gëtt.
Mäi Kand ass nämlech weder eng Popp nach en Hausdéier. Ech selwer pake mol friem Muppen net einfach sou un.
Zum Gléck si perséinlech Grenzen an intim Distanz mëttlerweil an eiser Gesellschaft keen Tabuthema méi. Et wier dohier wënschenswäert, wann och méi iwwer Bëbeeën hir Grenze geschwat géif ginn, grad well si se selwer net kënne matdeelen.
Heiansdo stellen ech mir vir, wéi sou iwwergrëffeg Leit wuel géinge reagéieren, wann ech mir näischt, dir näischt hir Hand huelen an hinnen iwwert de Bak fuere géing. Am beschte mam Zousaz: „Dir sidd awer séiss!“ Mee vläicht muss ech dat déi nächste Kéier einfach mol probéieren.