Gidd Dir mam Wieder oder mam Mound, also eiser Äerd hiren natierlechen Trabant? Abee, d'Marie Gales geet mat de Méint vum Joer.

29/01/2023 Apropos Januar

Mech grault et schonn am Dezember virun deem Januar. Net eleng, datt d'Wieder dann ellen ass, mä alles geet dann nees vu vir un. An dat fannen ech esou laang ech mech erënnere kann, schrecklech. D'Feierdeeg sinn all eriwwer an elo ass do näischt méi, ofgesinn vum Dräikinneksdag, de 6. Januar, deen esou munch een och feiert, op dat ee sech freeë kann.

Vum Oktober spéitstens u schafft een op déi soi-disant schéinsten Deeg vum Joer duer an dann ass vun engem Moment op deen aneren alles eriwwer an den 1. Januar erwächt een nees am Alldag, an et geet nees vu vir lass.

Net, datt Dir mech falsch verstitt, mir geet et guer net ëm déi Feierdeeg an dat Feieren, mä iergendwéi ass alles méi hell an et ass eng aner Stëmmung an der Loft.

Ech schéngen awer och net eleng mat menger Januar-Aversioun do ze stoen, esou war Mëtt Mount de 16. Januar de Blue Monday, de schlëmmste Méinde vum Joer anscheinend. Do géif een da mierken, datt een all säi Geld awer net hätt an déi vill Chrëschtdagskaddoe solle stiechen, déi gutt Virsätz sinn Esseg an et geschitt net richteg eppes am klengen Alldag. Déi grouss Aktualitéit ausgeklammert. An dat alles géif op d'Gemitt schloen.

Ech hu mech selwer scho gefrot, firwat ech dann esou schlecht op dee Januar ze schwätze sinn. November jo och elo net immens, och do reent et dacks, et gëtt méi kal an do ass net immens vill lass. Warscheinlech ass et, datt dee Januar nees de Start vu vir ass. An den November ass virum Dezember a mat deem Mount verknäppe mir jo vill schéin Erënnerungen an Erwaardungen.

Abee elo ass de Januar esou gutt wéi gelaf, d'Deeg gi jo vun Dag zu Dag nees méi laang, d'Natur erwächt nees aus dem Wanterschlof an et kann ee esouguer iwwer säi Fueskostüm nodenken.

Amplaz ze soueren, sollt ee besser op déi kleng Freede vum Liewe kucken an dobäi soll et mir dann egal sinn, wat fir e Mount grad ass. Ech gi mech drun.