Freideg den 13.

De Freideg den 13. Januar war hei um Radio e Glécksdag fir vill vun eisen Nolauschterer, hu si dach deen Dag 13 mol 2 Concertsbilljeeë gewonn. Fir de Camille Ney huet deen Dag allerdéngs sengem schlechte Ruff all Éier gemaach…
Ech hat deen Dag Congé, well ech éischtens Moies fréi mäin neien Auto no bal 2 Joer endlech sollt kréien an duerno owes an eng - wéi ech op mannst emol gemengt hunn - verdéngte Vakanz sollt fléien! Esouvill Gléck kann ee bal net op engem Freideg den 13. hunn! Nach séier eng Sprëtztour mam neien Dram op 4 Rieder duerch Reen a Wand an owes an d‘Sonn! Has de geduecht!
Moies hunn ech mech mat mengem 8 Joer treie, motoriséierten Ënnersaz an de Beruffsverkéier gehäit an hunn hien op sengem leschte Wee an d‘Garage begleet, ier en dann iergendwou wäit fort säi Konto vun den 230.000 Kilometer konnt ausbauen. Am Radio hunn d’Michelle an den Dan déi éischt Tickete verspillt, d’Gewënnerin beneit fir d’Kaarte fir den Dermot Kennedy lauschteren ze goen an driwwer philosophéiert, dass de Freideg den 13. laut Experten emol guer net méi esou schlecht wier, wéi säin Numm. Ech koum gutt virun a war esouguer virun der ofgemaachter Zäit an der Garage. Ech hu mengen ale wäisse Päerd nach séier Äddi gesot a sinn dunn voller Virfreed an de Showroom gestiermt. An do stoung en, trei wéi en Hond, op mech ze waarden. Seng Schnëss war zur Dir gedréint - bal esou wéi wann en direkt do wéilt eraus fir mir endlech ze weisen, wat seng Chippen drop hätten, déi bal 2 Joer gefeelt hunn.
De Vendeur koum dann dunn och voll motivéiert fir mir den Auto endlech ze erklären, wéi mech de Schlag sollt treffen. Op der groer Kaart stoung déi falsch Plack - zwou Zuele ware verdréint! Mäi Bléck muss du wuel vu Virfreed op entgeeschtert geschalt hunn, wéi ech um fonkelneien Auto déi giel-schwaarz Bestätegung fir de Feeler krut. Sandweiler war och net ze iwwerrieden fir dee bannent Stonnen erëm gutt ze maachen, esou dass ech dunn traureg mat engem Locatiounsauto heem gefuer si fir d‘Wallis ze paken. Egal - da kréien ech en eben no der Vakanz - no 2 Joer kënnt et och net op 14 Deeg un!
Nomëttes ware mir du pünktlech um Findel, voller Energie duerch d‘Kontroll a goufen do wéinst eppes Verdächteges direkt ausgebremst: 200 Gramm Marzipan, déi ech mir fir ënnerwee ze schneeken an d‘Handgepäck geschmuggelt hat. Dat geet net, sou d‘Securitéit, et sinn nëmmen 100 Gramm erlaabt! Meng Propose fir aus deem grousse Stéck der zwee ze maache, an op 2 Leit opzedeelen, hat kee Succès, grad esou wéineg wéi meng Propose nach d’Hallschent séier z’iessen. De Marzipan ass mat An “wenn Blicke töten könnten” am héije Bou an d‘Poubelle geflunn! Alles anescht wéi Antigaspi, wéi wëlls de mat Marzipan e Fliger sprengen, mee fir meng Linn war et gutt - ech wäert och dat iwwerliewen!
De Fliger hat eng hallef Stonn Verspéidung, kee Problem, schliisslech hate mir jo zu Frankfurt eng Stonn Openthalt! A wéi mir dunn am 2. Fliger souzen, wollt ech menger Fra ganz houfreg weisen, wat meng nei Acquisitiounen drop hunn: meng Airtags hu mir virum Start gewisen, dass mir am Fliger an eis Wallissen op 5 Kilometer am Flughafe wieren… An der Luucht huet deen immens léiwe Steward dunn direkt mam Pilot gekuckt, op dat da wierklech esou wier. Eng hallef Stonn drop koum hie mat engem Ziedel: eist Gepäck wier an der Soute - meng fuschnei Airtags hate mech ugeschass! Merci Tim Cook fir dee kale Schweess an eent ass sécher: dee Freideg den 13. wäert ech mäi Liewe laang net vergiessen! Ech sinn elo scho gespaant op de Freideg, den 13. Oktober!
PS: ...a wéi ech dunn och op der weiderer Rees festgestallt hunn, ginn d’Wallisse jo an engem grousse Container an de Fliger gesat an dee mécht da wuel e faradayesche Käfeg, deen derzou féiert, dass den Airtag net méi z’empfänken ass an engem déi lescht Plaz uweist, wou nach Empfang war – gutt ze wëssen, fir engem Schweesspärele virun der Vakanz ze erspueren!