Mir sinn alleguer zerbriechlech, och dee Stäerkste vun eis, mengt d'Bea Kneip am Apropos vun haut.

Apropos: Zerbriechlech

Et si schockéierend Biller déi eis aus Syrien an der Tierkei erreechen. Och bal eng Woch no der Äerdbiewekatastroph ginn ëmmer nach Mënsche vermësst, d’Zuel vun den Doudesaffer wäert also wuel nach an d’Luucht goen. Géint en Äerdbiewe kann een näischt maachen, et ass eng Naturgewalt déi eis virun Ae féiert wéi zerbriechlech mir sinn. Naturkatastrophen, Accidenter, Krankheeten, et gi vill Geforen deene mir ausgesat sinn, och wa mir eis dat net ëmmer bewosst maachen. Eigentlech huet ee Grond dankbar ze sinn, wann ee moies opsteet, an et geet engem gutt. Dass mir esou Gedanken dacks léiwer ausblenden ass nach iergendwéi ze verstoen.

Wat mech awer ëmmer nees erstaunt, ass dass et eis nach net duergeet mat dem Misère dee mir net kontrolléiere kënnen, mä dass mir als Mënschheet anscheinend onbedéngt drop halen, fir eis selwer ëmmer méi Misère ze produzéieren. Krich, Kriminalitéit an allgemeng Béiswëllegkeet sinn an eiser Welt alldeeglech, mä dofir sinn se nach laang net logesch. De Wonsch sech selwer e Virdeel ze verschafen, an dowéinst engem aneren ze schueden, schéngt op den éischte Bléck nach novollzéibar, wann och onmoralesch. Wann een dat awer méi genee ënnert d’Lupp hëllt, da kommen engem Zweiwel. All Gesellschaft déi iergendwéi den Usproch huet ze fonktionnéieren, baséiert op Kooperatioun, Solidaritéit a Respekt. «Guttheet ass e Stéck vun der Dommheet», seet d’Sprachwuert, mä villäicht ass et jo grad ëmgedréint. Och dee Stäerksten ass iergend eng Kéier op seng Matmënschen ugewisen, an dann ass ee frou fir op Leit ze treffen, déi gescheit genuch sinn fir hiert Häerz ze benotzen, an net hir Ielebéi.