Ofgesinn dovunner dass d'Welt ëmmer nach iergendwéi amgaang ass ënnerzegoen, gëtt et haut de Moien anscheinend just een Thema : d'Oscaren.

Lo ginn et jo ëm d'Originë vun der Bezeechnung Oscar genuch Legenden, déi, wéi et sech gehéiert, all Joer op en neits rëm opgekacht ginn. Abee, da geheien och mol nach e bësse menges Peffer an déi Zopp : nëmme gutt dass deen Dafpätter, wien och ëmmer et finalement war, Oscar geheescht huet, an net Ryan, Ethan, Achmed, Serge oder Jean-Claude.

Mëttlerweil geet et bei den Academy Awards jo och mol net méi drëm eng vun deene Statuetten ofzeraumen. An Zäiten, wou nach just d'Superlativen interessant schéngen ze sinn, kann ee Produzent oder Regisseur jo nëmmen dann zefridde sinn, wa säi Film méiglechst vill där Oscare gewonn huet. Manner wéi Titanic ? Kaum derwäert dovun ze schwätzen! Fir 5 nominéiert awer nëmmen 1 gewonn ? Eng Blamage.

An natierlech ass dat ronderëm bal méi wichteg wéi d'Saach selwer : wien hat dat ellenst Kleed, wien war op der After-Party als éischt sauer, a wie war iwwerhaapt mol net agelueden ? An dat erkläert da wuel och de Succès vun deem Zirkus : d'Oscars sinn eng Allegorie op d'Liewen an eiser moderner Gesellschaft. Wann déi gutt Filmer wéi aus dem Liewe gegraff sinn, sou schéngt munches, wat engem am Liewe geschitt, wéi aus engem schlechte Film.

A genee wéi am Kino schued et net sech heiansdo ze froen : wie spillt d'Haaptroll a mengem Liewen, wien huet d'Nieweroll, a sinn all déi aner wierklech nëmme Statisten ? Wien ass Regisseur … an spillt net déi wichtegst Roll oft ee Cameo ?

An all déi, déi méi oder manner kredibel probéieren eng Roll ze spille, sollten sech froen, wien dann iwwerhaapt d'Dréibuch geschriwwen huet no där hiert Liewen ofleeft. Wéi och ëmmer d'Äntwert op all des Froen ausfällt, eng Lektioun konnt een am Kino dëst Joer op Fall léieren, vum Jean Dujardin an dem Film l'Artiste : Am Liewen kann een och zimlech wäit kommen … ouni dommt Geschwätz.