De 14. Februar ass Vältesdag, dat wësse mer all. Zënter dësem Joer wësse mer och, datt een op gutt lëtzebuergesch och "Ech liben dech" soen däerf. Firwat net?, mengt d'Christiane Kremer am Apropos vun haut a bezitt dat nach op aner Bedeitunge vum 14. Februar.

18/02/2023 Apropos "En Dag wéi keen aneren"

Eng Spooch ass lieweg an däerf sech och erneieren oder weiderentwéckelen, si muss soguer.  "Ech hunn dech gär" oder "Ech si frou mat der" wäerten awer ëmmer bleiwen.

Et si wichteg Wierder op engem 14. Februar, och aus aneren, manner romanteschen Ursaachen. Schonn dat zweet Joer hannerteneen ass et den Dag op deem mir  Lëtzebuerger a Lëtzebuergerinnen eise Planéit fir dëst Joer scho verbëtzt hunn. Eis Ressourcen opgebraucht hunn, als zweet Land op der Welt. Sollte mer net eiser Äerd och emol e Kaddo maachen a probéieren deen Overshootday 2024 net méi Vältesdag, mee méi wäit no hannen an d'Joer eranzeréckelen, wéinstens e bësschen?

An dann ass de 14. Februar och nach de "One Billion Rising" Dag. Dës weltwäit Aktioun mécht en Opruff opzestoen an ze danzen an domadder en Zeechen ze setzen an op d'Gewalt géint Fraen opmierksam ze maachen. All drëtt Fra weltwäit huet scho Gewalt erlieft. All Dag héiere mer vu Brutalitéit, Diskriminéierung, Ënnerdréckung, och op Vältesdag an net nëmme géint Fraen.

Dëse 14. Februar ass um Online-Account vum bekanntesten a gläichzäiteg onbekanntesten Aktiounskënschtler en neit Wierk mam Titel "Valentine's day mascara" gewise ginn, dat sech mam Theema Gewalt géint Frae befaasst. An der Stiedchen Margate am Süde vun England huet de Banksy op de Giewel vun engem Haus eng Fra gemoolt am 1950er Look, déi e blot A an en ageschloenen Zant huet. Dernieft gesäit een nach just zwee Männerbeen, déi aus enger Tru erauskucken. D'Tru selwer war echt, si stoung einfach do nieft dem Haus, grad wéi en ëmgefallene Plastikstull, eng Pan an nach esou Offall, dee wuel iergendwann  dohinner entsuergt gouf.

Nom Motto "Ass dat Konscht oder kann dat fort?" huet d'Gemeng mëttes d'Tru ewechhuele gelooss, aus Sécherheetsgrënn, wéi et geheescht huet. Vill Leit hu sech opgereegt: bis elo wier nach ni sou séier reagéiert ginn, fir Knascht  ewechzehuelen, wa si reklaméiert hätten. Wann d'Tru sécher wier, kéim se nees zeréck, huet et spéider vun der Gemeng geheescht. An tatsächlech den aneren Dag war se nees do, sécher an onschiedlech fir d'Gesondheet. An elo soll nach mam Proprietaire vum Haus gekuckt ginn, wéi een d'Wierk a seng Messagë - géint Gewalt a géint Ëmweltverschmotzung - kann erhalen.

Deemno dréine mer de Motto ëm: "Et ass Konscht an et soll bleiwen!"