Kannerbetreiung

Wann een eise Kanner wëllt Chancëgläichheet garantéieren, wann een si wëllt zu staarke Perséinlechkeeten erzéien, dann ass d’Crèche dat Richtegt. Dës Propaganda passt ville gestressten Elteren an de Krom. Stëmmt awer esou net, mengt de Guy Seyler a sengem Apropos vun haut.
An de soziale Medien ass viru kuerzem en Artikel zirkuléiert, deen den Dagesoflaf vun engem Kand vun 3 Joer beschreift. En huet mir d’Tréinen an d’Ae gedriwwen.
Méi wéi 10 Stonnen den Dag verbréngt d’Kand an der Crèche. Eng Ausso, déi sech iwwer de ganzen Dag zitt ass: „Ech sinn 3 Joer al. Ech si grouss. Ech kräischen net. Awer ech vermëssen d’Mamma. Si huet mech gär. Si sot mir et.“
Wat e klengt Kand brauch, ass Gebuergenheet. Eng Bezuchspersoun, wou et mat senge Suerge kann hilafen. Eng Persoun, déi et op den Aarm hellt. Déi et tréischt. Dat ass an der Crèche net ëmmer méiglech, well déi Responsabel do e ganze Grupp vu Kanner betreie mussen. Eng englesch Etude huet gewisen, datt e Kand an enger Crèche an der Moyenne am Dag 8 Minutten perséinlech Zouwendung kritt.
Besonnesch schlëmm ass et fir Kanner ënner 3 Joer. Déi leiden.
De Psycholog Gilbert Pregno schwätzt vun enger „elternloser Gesellschaft.“ D’Zuel vun de Kanner, déi onglécklech sinn, deenen et net gutt geet, hëlt zou. An d’Intensitéit vun hire Problemer och.
Vill komme moies ganz fréi a bleiwe bis 6 oder 7 Auer Owes, sot de Marc Thill aus der Maison Relais vu Wëlwerwolz kierzlech an engem Interview. Vill kräischen, si midd, streiden a sinn aggressiv.
Den éisträicheschen Auteur Michael Hüter schreift: „Nach ni goung et de Kanner emotional esou schlecht wéi haut! Vill ze fréi ginn si aus der Famill gerappt an a friem Hänn ofginn.“
Eng Etude aus Finnland weist, datt kleng Kanner schonn ënner toxeschem Stress leiden. Méi spéit weist dat sech duerch dissoziaalt Behuelen an Aggressivitéit.
D’Psychotherapeutin Susanne Stroppel sot kierzlech an engem Interview: „ Eng ze fréi an ze laang Friembetreiung huet negativ Folgen fir d’Entwécklung vum Kand!“
Leider ass et esou, datt vill Elteren aus finanzielle Grënn zu zwee musse schaffe goen. Si hu keen anere Choix.
Gëtt et dann do kee Mëttelwee, froen ech mech.
Ideal wier, d’Kanner bis 3 Joer doheem ze halen. Ab 2 Joer kënnen se hallef Deeg an eng Betreiung goen, fir de soziale Kontakt ze fërderen.
Flott wier et, wann dës Elteren als Kompensatioun eng finanziell Ënnerstëtzung vum Staat kréichen.
Dat géif sech dach iergendwann bezuelt maachen.
*Quellen: Gilbert Pregno 02.01.23 wort.lu / Marc Thill 03.10.22 wort.lu / Susanne Stroppel 11.02.23 wort.lu