De Mënsch léisst sech gär vu senge 5 Sënner täuschen. Eis Aen si besonnesch ufälleg. Wat an der Wüst d'Fata Morgana ass a beim Copperfield d'Assistentin déi flitt, dat ass op der Tëlee d'“scripted reality“. Den Daniel Nepgen huet es sat mat deem Hokus Pokus.

Et gëtt zwee Grënn fir Tëlee ze kucken: entweder fir ze wësse wat an der Welt leeft, an an deem Fall zappt ee sech als Newsjunkie duerch Journallen, Talkshowen an Documentairen. Oder fir ofzeschalten a bewosst Fiktioun op sech wierken ze loossen, an da mécht een den „Unter Uns“-, „Verbotene Liebe“-, „GZSZ“-Marathon oder et zitt ee sech e Film eran. Dat hunn ech op alle Fall ëmmer geduecht.

Bis ech op engem fräien Dag eng kéier op d'Schnappsiddi koum den Trash vun de Privatsenderen iwwert mech ergoen ze loossen. Et gëtt eng drëtt Kategorie vu Programm: d'Pseudo-Doku-Show, oder anescht gesot: d'Reality-Show mat Skript. Si sollen eis eng Realitéit virgaukelen déi et guer net gëtt. Ob sech aarm Däiwele bei „Schwiegertochter gesucht“ vun der Mamm d'Fra fir d'Liewen eraussiche loossen, obwuel si vläicht besser hätten emol fir unzefänken hir Kalzonge selwer ze wäschen, oder ob bei „Schwer verliebt“ Bezéiungsnomaden an der Gefillswüst Amok lafen an esou apathesch virun der Kamera wierken dass een d'Sendung léiwer „Schwer behindert“ nenne géif ... Fir et léif auszedrécken: d'Illusioun gléckt meeschtens net. All Spectateur mat engem Minimum u Gehiermass ass sech bewosst dass e keng Doku gesäit, mä eng geskripte Sendung mat Schauspiller, déi sech fir e puer Euro net ze schued sinn, alles virun der Kamera ze maache wat ee vun hinne verlaangt.

Woubäi et mir nach ëmmer schleierhaft ass, wéi et méi rentabel ka sinn esou en Theater z'orchestréieren wéi eppes reelles filmen ze goe wat wierklech authentesch an aus dem Liewe gegraff ass. Ech setze viraus dass 99% vun de Leit déi et kucken et aus voyeuristesche Grënn maachen, also fir driwwer ze laachen an de Kapp ze rësele wa sech d'Laienduersteller lächerlech maachen. Bei mir geschitt an deene Fäll meeschtens dat wat déi Däitsch „Fremdschämen“ nennen, wann een ëmschalte muss well engem dat wat een um telemediale Plateau virgesat kritt, opstéisst. Mä bei der „scripted reality“ fillen ech Matleed. Matleed mat eis Nokuckerten. Well komm mir denken et emol zu Enn: déi Formater, vun den „Autohändler“ iwwer „X-Diaries“ bis bei déi mëttlerweil ofgeschafen „Super Nanny“ gi jo gewise well sech déi Responsabel bei den Tëleessenderen eng héich Aschaltquot erwaarden. Well nëmmen esou kënnen si d'Publicitéit an de Pause vun de Sendunge méiglechst deier verkafen a Profit maachen. A wann de Programm hautdesdaags mat esou Formater iwwerschwemmt gëtt, da well et gekuckt gëtt.

Mir si selwer dru Schold. Wéi wann d'Tëlee eis de Spigel virun d'Nues géing hale fir ze soen: „du kriss dat wat s de verdéngs“. Ech weess net wéi et iech geet, mä dat Spigelbild mécht mer Angscht. Do wënschen ech mer dat gutt aalt Testbild zeréck wat gewise gouf wann ebe grad kee Programm gesent gouf. Dat huet wéinstens net zur Masseverblödung bäigedroen.

Wier et net un der Zäit der „scripted reality“ de Fanger ze weisen, a méi Zäit an der „real reality“ ze verbréngen an d'Këscht einfach auszeloosse wann net wierklech eppes Interessantes leeft? Wien d'Illusioun trotzdem ausliewe wëll, ka sech jo noutfalls nach ëmmer bei der Internet-Plattform „Second Life“ aschreiwen. Dat ass wéinstens richteg falsch.