Laang stoung et um Marie Gales senger ''To do''-Lëscht an elo kann dohannert e Krop gemaach ginn. Den Éischt-Hëllef-Cours ass gepackt.

Apropos vum Marie Gales: 1. Hëllef

Du misst dat wierklech mol maachen, sot ech mir dacks. Virun allem wann en anere mir erzielt huet, datt en an esou engem Éischt-Hëllef-Cours war. Wéi du mäi Patron eis d'Méiglechkeet ginn hat, fir esou e Cours an der Mëttespaus ze maachen, do duecht ech, elo oder ni.

An ech si begeeschtert, wat een alles do gewise an erkläert krut. Endlech kann ech mol hëllefe wann et eescht gëtt, obwuel ech jo hoffen, datt dëst ni geschitt. An awer ech weess elo wéi eng stabil Säitelag geet, wéi reagéiere wann ee sech verschléckt, wéi ech een aus dem Auto zéie kann, wéi ech mam Defibrillator ëmginn, wéi ech eng Häerzmassage maachen an och e Verband. Am Allerwichtegsten ass awer, datt ech den 112 uruffe wann eng Urgence ass. Well ech si jo elo den Amateur a mäi Roll als Éischt-Hëllefer ass ze hëllefe bis déi richteg Leit, d'Profien do sinn. An wann et och just berouegen ass, Haaptsaach et hëlleft een.

Dat wier awer net selbstverständlech, vill Leit hätten Angscht eppes falsch ze maachen, sot de Formateur vun der Croix-Rouge an dofir géifen der dach eng Rei soen, da maachen ech léiwer näischt wéi elo e falsche Grëff. Verständlech an awer, fir datt een weess wat ee kéint maachen, kënnt dach esou en Éischt-Hëllef-Cours grad richteg.

Ech hu mir och direkt eng Éischt-Hëllef-Këscht fir mäin Auto kaf, et weess ee jo ni. Ech hat ni esou eng a mengem Auto, well et zu Lëtzebuerg net Virschrëft ass, an Däitschland schonn. Villäicht wier et och gutt, ausser där Këscht och esou e Cours obligatoresch ze maache fir jiddereen.

Dacks kënnt op Minutten un, a villäicht sidd Dir et grad deen Ament op deen et ukënnt. Wann een da weess, wéi reagéieren an et kann een hëllefen, ass dach super.