Fraen, kuckt méi no iech!

Dëse Mëttwoch ass Weltfraendag, deen Dag, wou de Fokus op de Fraerechter an der Gläichstellung tëscht de Geschlechter läit. Eng gutt Geleeënheet also, d’Fraen elo schonns drun z‘erënneren, méi no sech selwer ze kucken.
Dem EU-Gläichstellungsindex vun 2022 no läit Lëtzebuerg mat 73,5 vun 100 Punkten iwwert dem europäeschen Duerchschnëtt. Net sou schlecht, et ass awer nach Sputt no uewen.
Virun allem am Beräich vun der net-bezuelter Care-Aarbecht ass nach keng wierklech Gläichheet z‘erkennen. Natierlech huet par rapport zu fréiere Generatiounen e Mentalitéitswandel stattfonnt. Geet et awer drëms, Kanner ze betreien, den Haushalt ze schmäissen, d’Famill an de Frëndeskrees z’ënnerstëtzen, leeschte mir Fraen nach ëmmer gutt dat Zweeanenhallef- bis Véierfacht vun deem, wat d’Männer wuppen. Vill vun eis üben donieft nach e bezuelte Care-Beruff aus.
Dat villt Gecares bedeit - nieft Karriärsknicken duerch Deelzäitaarbecht - vill Drock, Verantwortung, vill Stress a wéineg Zäit fir sech. Dobäi kënnt, datt eis Leeschtungsgesellschaft Perfektionismus verlaangt. Iwwerfuerderung gëtt seelen oppen ugeschwat. Di sozial Medien erhéijen den Drock mat Biller vu perfekt gestylte Superfraen, déi Beruff, Famill an Haushalt labber ënnert en Hutt kréien.
Wien awer vill nom kierperlechen an emotionale Wuelbefanne vun anere kuckt, muss och no sech kucken. Wéi ass et mat den eegene Bedierfnësser? Kritt een iwwerhaapt mol genuch Schlof, genuch a gesond z’iessen? Geet ee reegelméisseg bei d’Doktesch oder den Dokter?
Keen(t) vun eis kann a muss alles packen. Dohir ass et wichteg, sech selwer an anere Grenzen ze setzen. A jo, et ass oft schwéier, dat eegent schlecht Gewëssen a gesellschaftlech Rollendiktater auszeklammeren. Mee heiansdo muss een einfach nee soen.
Vill Fraen investéieren hir Zäitressourcë kontinuéierlech fir anerer. Et ass awer essenziell, wéinstens eemol d’Woch, Zäit fir sech aleng ze hunn: Zäit fir e gutt Buch z.B. oder e bësse Sport.
Grad haut um Sonnden, am Virfeld vum Weltfraendag, ass dach eng gutt Geleeënheet fir eis Fraen, dës Zäit anzefuerderen!