Wat mécht een, wann ee sech verrechent? An der Schoul gouf ee geléiert, d'Aufgab sou laang frësch ze maachen, bis se richteg wor. A wat mécht een, wann d'Rechnung iwwerhaapt net kann opgoen? Wien elo behaapt sou Beispiller wieren et an der Schoul net ginn, deen huet zwar Recht, huet awer amplaz op d'Fro ze äntwerten, eng al erëm gestallt: an zwar op d'Schoul dann iwwerhaapt op d'Liewe virbereet. Well an deem, nämlech am Liewen, gëtt et sou munch Saach, déi net opgeet, souwuel an ärem wéi och a mengem Alldag – a mat enger dovun hunn mer bal all Dag ze dinn: nämlech de Kalenner.

Egal wéi oft een déi frësch rechent, et feelen all Joer 5 Stonnen 48 Minutten an e puer Sekonnen. Sou entsteet dann den Dag vun haut, den 29. Februar, deen Dag, deen aus engem normale Joer e Schaltjoer mécht. Awer nach laang net ëmmer: d'Joreszuel muss duerch 4 oder 400 ze deele sinn, Joren, déi mat 100 dividéiert kënne ginn, si keng Schaltjoren. Kuerz: Am Prinzip huet ee Joer 365 Deeg an d'Ausnahm bestätegt d'Regel. A wien elo denkt, do wier dach mol eng Reform néideg, fir deem en Enn ze setzen, deem soll just gesot sinn, datt dës Ausnahm an iergendenger Form bis ewell op all bekannte Kalenner zoutrëfft.

Theoretesch hu wuel manner Leit eppes géint sou Konventiounen wéi déi Leit, déi praktesch op engem 29. Februar gebuer sinn. Fir si ass de Gebuertsdag vu vir eran e speziellen Dag an d'Fro muss erlaabt sinn, ob déi Leit nëmmen all 4 Joer ee Joer méi al ginn oder musse si an engem Schaltjoer 4 Käerze mateneen ausblosen?

Dat ass bësse wéi beim Euro – wann do mol déi eng oder aner Milliard feelt, da gëtt och hei gerechent a soll een erausfannen, datt d'Rechnung net falsch ass, mä einfach net kann opgoen, da setze mer déi Suen, déi feelen, einfach bäi, hannen oder an der Mëtt, dat ass an deem Fall egal.

E Schaltjoer selwer huet natierlech och eng positiv Wierkung op d'Economie, mä e knappen hallwe Prozent méi wirtschaftlech Aktivitéit geet wuel kaum duer, fir deem Kriseboot de Wand aus de Segelen ze huelen.