Léif Elteren

Schaffe fir ze liewen oder liewe fir ze schaffen? Dat ass haut déi Fro, déi sech vill Jugendlecher stellen. De Camille Ney gëtt net richteg eens mat där Fro an huet sengen Elteren duerfir emol e Bréif geschriwwen, fir dat erkläert ze kréien…
Léif Elteren,
Ech hu mech scho laang net méi gemellt, duerfir schreiwen ech Iech elo, well ech weess net, op dir do uewen alles esou matkritt vun hei ënnen. Leider hu mir nees vill vun deem wat Dir an Är Elteren a Grousseltere scho kannt hunn: Krich, Pandemie, Wirtschaftskris an derbäi kënnt haut nach, dass et op der Ëmweltauer schonn 12.10 ass. Alles an allem geet et eis soss awer nach, esou laang mir gesond sinn, relativ gutt. Ech betounen „nach“, well et gëtt do eng Entwécklung, déi ech mir nëmme schwéier kann erklären.
Dir hutt eis ëmmer virgelieft, dass ee soll schaffen am Liewen, fir sech eppes ze erméiglechen. „Vun näischt, kënnt näischt!“, héieren ech Iech nach soen an „d’Aarbecht ass gemaach, wa se gemaach ass!“ An Däitschland hu se dat „Schaffe, schaffe, Häusle bauen!“ genannt an de wirtschaftlechen Opschwonk nom Krich war d’Konsequenz vun där Dynamik. D’selwecht heiheem, wou eis Virfaren sech mat hiren italieeneschen an duerno portugisesche Frënn - entschëllegt den Ausdrock - den Uarsch opgerappt hunn, fir eist Land no vir ze bréngen an eis dat ze erméigleche, wat mir haut hunn! Villmools Merci duerfir!
Dat kléngt awer elo an deene leschte Méint a Joren op eemol ganz anescht! „Worklife-Balance“ ass elo schonn d’Wuert vum Joer an deene Jonken ass et méi wichteg, d’Liewen ze genéissen an deemno manner an anescht ze schaffen a wann et geet, parallel awer dat selwecht oder vläicht nach méi ze verdéngen. Verschidde Politiker am In- an Ausland spillen hinnen an d’Kaarten, mat populistesche Propose vu 36-Stonne-Wochen, verdeelt just nach op 4 Deeg an dann 3 Deeg fräi. Ech froe mech – wéi soll dat goen? A Frankräich ginn dann och all déi op d’Strooss, déi nach net matkritt hunn, dass d’Land frontal géint eng Rentemauer rennt a si musse méi laang schaffe goen, fir deen Accident ze evitéieren.
Mir fannen elo schonn net genuch a qualifizéiert Leit an der Aarbechtswelt – wéi soll dat da goen, wa jiddereen och nach manner schafft? Da brauche mir der jo nach méi? A wie soll dat bezuelen? Ech héieren elo schonn aus Betriber, dass portugisesch Familljen nees zeréck an hir Heemecht ginn, well si op eise „soi-disant“ Wuelstand fleeten an doheem, bei besserem Klima, am Krees vun hirer Famill mat manner, méi zefridde sinn! Wie soll si ersetzen?
An da gëtt och ëmmer méi vun „AI“ geschwat, kënschtlech Intelligenz, déi schonn am gaang ass Plazen ze friessen, ouni dass een et mierkt! Dir héiert: Froen iwwer Froen, déi ech mir stellen an ech fanne keng Äntwerten drop! Mee gottseidank hu mir jo e Superwaljoer an deem eise Politiker bestëmmt eng Späicherliicht opgeet, fir dass déi Equatioun „manner ass méi“ opgeet an dass mir dee Wuelstand, deen dir eis erméiglecht hutt, net verbrennen, op Käschte vun den nächste Generatiounen!
Allez, e schéine Bretzelssonndeg, den Dag vun der Léift! A sidd esou léif an haalt d’Hand iwwer eis – mir hunn et béis néideg!