D’Fuesvakanz läit jo elo schonn e puer Deeg hannerun eis, d’Ländche misst also nees komplett sinn. De Gibbes Bertolo iwwer Landsleit, déi engem an der Friemt iwwert de Wee lafen ...

Ob elo Wantersport oder Summervakanz: d’Situatioun ass iergendwéi ëmmer speziell. Lëtzebuerger begéine Lëtzebuerger. An der Schlaang virum Schilift, am Souvenirsbutték op Kreta oder am Fitnessclub zu Fort Lauderdale – et gëtt een op eemol hellwaakreg, wann engem baussent eise Grenzen eis Sprooch zu Ouere kënnt. Hei sinn also nach Lëtzebuerger. Zu Tréier, Arel oder Metz ass dat jo näischt Aussergewéinleches, op Djerba, Rimini an Obergurgel u sech och net. Zu Lima, Katmandu oder Antananarivo allerdéngs schonn. Mä soit: Ass d’Reaktioun dann effektiv ofhängeg vun der geographescher Lag?

Dat heite kéint och elo eng kleng Ëmfro ginn: wéi reagéiert Dir, wann der am Ausland engem Matbierger begéint? Gidd der op déi Leit zou, weist der hinnen, datt der Landsleit sidd, sicht der de Kontakt? Oder probéiert der nëmmen net opzefalen, léiwer incognito bleiwen an op kee Fall iergend eng Zort vu Small Talk ufänken? Et kéint jo mol sinn, datt een déi Leit iwwer 7 Ecken och nach kennt oder datt se engem impertinent Froe stellen oder proposéieren, fir zesummen eppes ze ënnerhuelen. An dat matzen an där wuelverdéngter Vakanz, wou ee jo awer seng Rou wollt hunn an op kee Fall un Doheem erënnert ginn.

Ech behaapte mol, datt bei esou enger Ëmfro op d’mannst zwee Drëttel déi zweet Alternativ wiele géingen. Huet dat mat Arroganz oder Klengkaréiertheet ze dinn? Oder effektiv domadder, datt d’“Gréisst“ vun eisem Land nun mol d’Probabilitéit vun der Anonymitéit zollitt no ënnen dréckt? Wéi verhält en Hollänner sech, wann en zu Ekaterinenburg eng Roulotte gesäit? An de Fransous, deen op enger Restaurantstoilette zu Kapstadt een héiert d’Marseillaise päifen? Grad sou diskret an op Distanz?

Ech hu mer déi Fro an deene leschte Vakanzen nawell méi dacks gestallt. Meeschtens dann, wann et souwäit war. Wa Lëtzebuerger ëm den Eck koumen. Wann et geheescht huet: „Code Delta“. Dat bedeit bei eis: oppassen – Landsleit an der Géigend. An da koum kee Wuert méi.

Am Summer – ech hu mer et mol virgeholl – gëtt dat elo ganz anescht. Da gëtt all Kontakt geknäppt, dee sech ubitt. Keng Schei a keng Bescheidenheet: soubal mer och nëmmen e Brochdeel vum Renert senger Sprooch entgéint geflu kënnt, gëtt sech ge-out.

Et sief datt d’Géigesäit op eemol pëspert: „Code Delta“ !