Du solls der kee Bild maachen ...

... steet schonn an der Bibel: an dësem Fall heescht et sech kee Bild vu Gott fabrizéieren. Och de Schwäizer Schrëftsteller Max Frisch schreift de Saz ënner anerem a sengem Roman „Stiller“ a bezitt sech domadder op d’Léift tëscht zwee Mënschen. „Du solls der kee Bild maachen“ sollte mer eis haut nach méi zu Häerz huelen, mengt d’Christiane Kremer am Apropos.
D’Bild vum Michelangelo senger berüümter David-Statu huet an enger Schoul a Florida mat sech bruecht, datt d’Konschtprofessesch huet musse goen. D’Kanner waren net drop virbereet ginn, datt se e plakege „Mann“ gewise kriten. Souguer d’Wuert „pornografesch“ wier gefall. Dës Pornografie aus Steen aus dem 16. Joerhonnert wäert awer sécher net aus eiser Vue verschwannen.
Iwwer ganz aner Biller, déi mer sou gewise kréien, musse mer eis wuel méi Gedanke maachen: den Donald Trump gëtt festgeholl, de Poopst François dréit eng wäiss Daunejackett an de Putin knéit virum Xi Ping.
Wierklech??? Neen!!!
D’Biller vum Trump an déi vum Poopst sinn iwwer de Wee vun der kënschtlecher Intelligenz enstanen. Ee Mann aus der Géigend vu Chicago hat iwwer eng AI-Plattform de Poopst modern ausstafféiert. Wat domadder alles geschitt ass, huet hien elo selwer erféiert. E Journalist hat iwwer de selwechte Wee den Trump verhafte gelooss. Dem Ex-President, de jo lo wierklech ugeklot ass, huet dat sécher gefall: hien hat seng Verhaftung ugekënnegt an e weist gefakete Biller op senger eegener Social-media-Plattform.
Wien allerdéngs d’Foto vum demütege Putin virum chineesesche Ministerpresident „maache gelooss“ huet, ass nach net gewosst. Datt se och hei iwwer artifiziell Intelligenz enstanen ass, ass awer sécher.
Beim éischte Bléck ass ee perplex, mee wann ee sech d’Bild méi genee ukuckt, gesäit ee Saachen, déi net stëmmen: E falsche Stullstempel, eng kromm Mauer, dem Putin säi Schong, dem Xi seng Hoer, dem Mann am Hannergrond seng komesch Hänn ... jee, déi artifiziell Intelligenz ass nach ze entlarven. Si ass net perfekt an et gi Weeër, fir dat erauszefannen: einfach emol kucken, wéi déi Biller mat anere Biller aus der Aktualitéit iwwereneestëmmen oder Sitte konsultéieren, déi hëllefe sichen, ob et e richtegt oder e falscht Bild ass.
Uff! Denkt een do. Mee datt d’AI net méi opzehalen ass an ëmmer méi performant gëtt, ass kloer. Si soll jo och hir Virdeeler a Qualitéiten an eiser zukünfteger Aarbechtswelt hunn.
Mee musse mer dann awer elo bei all Bild oder all Text, dee mer fannen, eng richteg Detektivaarbecht maachen, ier mer et gleewe kënnen? E bëssi sou wéi de Video-Assistent am Fussball decidéiert, ob Gol oder Abseits oder Hands an dann eréischt kann ee sech freeën (oder och net)?
Da bleift et wuel manner ustrengend dem Michelangelo säin David ze kucken an dem Frisch säi Stiller ze liesen. Wann déi net nach gecancelled ginn.