Am Apropos vun haut gëtt ëm dat bescht Stéck...den Handy natierlech! D'Bea Kneip huet sech esou seng Gedanke gemaach...

Dës Woch krut en also 50 Joer…dee klengen Apparat dee mir mëttlerweil alleguer an der Täsch hunn, an deen eis op Schratt an Tratt begleet. A wat en net alles kann! En ersetzt de Fotoapparat, den Agenda an de Wecker. En ass eis Fënster an déi faszinéierend an dacks bizarr Welt vun de soziale Medien, begleet eis bei eise Bankgeschäfter, an huet ëmmer eng Landkaart vun do wou mir grad sinn…egal wou op der Welt mir eis bewegen. E verschéckt eis Mailen…an et kann ee souguer domat telefonéieren! Den Handy ass d’Verbindung zu eise Matmënschen, sief et berufflech oder privat. Do géif ee jo mengen, d’Mënsche géifen sech doduerch méi no kommen…mä den Handy kann nach méi. En eegent sech nämlech och ganz gutt wann ee grad de Géigendeel wëll, nämlech sech ofgrenzen, an an engem Raum voller Leit alleng sinn. Op all deene Plazen wou mir eis zwar bal een dem aneren op d’Féiss trëppelen, sozial Konventiounen et awer vun eis verlaangen esou ze maachen wéi wa mir déi aner net géife gesinn. Am Bus, am Zuch an enger Salle d’Attente, jidderee klimpert um Handy. A gesäit dobäi am beschten fuerchtbar busy an domat och op d’mannst grad esou wichteg aus. Well et soll een sech näischt virmaachen: och wa mir d’Leit ronderëm eis bewosst ignoréieren, wëlle mir selwer dach iergendwéi gesi ginn. A wien e richtege Profi ass, dee wëll och nach gehéiert ginn, telefonéiert haart a gëtt senge manner talentéierte Matmënschen déi eenzegaarteg Chance fir un dem eegenen a sécher vill méi spannende Liewen deelzehuelen. Net dass déi onfräiwëlleg Nolauschterer dat ëmmer ze appreciéiere wéissten…

Heiansdo huet een den Androck, den Handy wier mat Superglue un de Fangere festgepecht an e géif säi Besëtzer hypnotiséieren. Da schwätzt ee vun engem Smombie, engem «Smartphone-Zombie». De Begrëff Smombie gouf an Däitschland 2015 als Jugendwuert vum Joer gewielt, de Phänomen ass also net nei, awer ëmmer nach aktuell. Deslescht hunn ech souguer eng Fra gesinn, déi den Handy op de Reendaach vun der Poussette geluecht hat, fir iwwer dem Spadséieregoen mat hirem Nowuess nëmmen näischt ze verpassen.

Apropos verpassen…ech hoffen dir verpasst haut keent vun deene mat vill Léift verstoppten Ouschtereeër. An deem Sënn, schéin Ouschteren a feiert gutt!