Pësperen, schwätzen, sangen, blären - all dat a villes méi kënne mir mat eiser Stëmm. An déi ass haut, um „World Voice Day“, och d'Thema vun eisem Apropos, Josiane Hoffmann.

16/04/2023 Apropos - Deng Stëmm zielt!

„Deng Stëmm zielt!“ Wat no Walen kléngt, ass de Slogan vun der aktueller Editioun vum „Weltdag vun der Stëmm“.

Hei am Land gëtt dëse leider net wierklech gefeiert. Dobäi ass eis Stëmm schonns eleng anatomesch e Wonner, wann ee bedenkt, wéi vill Organer a Muskele am Asaz sinn, fir datt aus dem Otem Lauter entstinn.

Mat eiser Stëmm verschafe mir eis Gehéier. Mir vermëttelen Inhalter, verrode villes iwwert eis Persoun an eis Gefillswelt, interagéiere mat aneren. Wat fir e wichtegt Instrument eis Stëmm ass, gëtt mir besonnesch da bewosst, wann ech hees sinn a bal keen Toun erauskréien.

Schonns virun der Gebuert huele mir Mënschen als éischt Stëmm déi vun eiser Mamm wouer. Beim éischte Kreesch erkléngt dann dem Bëbee seng eege Stëmm. Mat dësem mageschen Toun deelt en Neigebuerent seng Presenz op eisem Planéit mat. An et affirméiert och seng Eenzegaartegkeet an enger Welt, an där dacks Uniformitéit Credo ass. Obwuel mer mëttlerweil zu iwwer 8 Milliarde Leit sinn, gëtt et kengem vun eis seng Stëmm zweemol.

Wéi laang dat sou bleift, freet ee sech awer, wann een z.B. un déi nei kënschtlech Intelligenz Vall-E denkt. Dës ka bannent Sekonnen egal wéi eng mënschlech Stëmm klonen.

Studien no sinn iwwregens d’Stëmme vun de Fraen tëscht 40 an 80 an de läschte Joerzéngten ëmmer méi déif ginn. Dëst läit, sou d‘ Fuerscher, un der Emanzipatioun. Eng déif Stëmm steet z.B. fir Kompetenz a Selbstsécherheet – Eegenschaften, déi un dat verännert Rollebild vun der Fra gekoppelt sinn.

A wat wier z.B. de Radio ouni Stëmmen? Grad si maachen dëse Medium zudéifst mënschlech. Radiostëmme begleeden eis am Alldag bis an eis Privatsphär eran. Si ginn an eist Ouer a loosse Billerwelten an eise Käpp entstoen.

Vläit héiert Dir meng Stëmm jo grad beim Kaffi. Di perfekt Geleeënheet, fir Iech e schéine Sonnden ze wënschen!