Gëschter huet jo d’Oktav ugefaang an an deem Kontext mécht sech de Camille Ney e puer Gedanke ronderëm e Miwwelstéck, wat aus der Moud komm ass…

Apropos: Am Beichtstull

Virun e puer Woche war ech an enger Doudemass. De Verstuerwene war zu Liewenszäite Schräiner an de Paschtouer huet hien a senger Priedegt als leidenschaftlechen Handwierker gewierdegt, deen eng ganz Rei vu Miwwelstécker an der Kierch realiséiert hat. Ech souz an esou enger hëlzener Bänk an direkt nieft mir, eng Struktur, bei där d’Kanner haut hir Eltere géife froen: „Wat ass dat dann?“

Eis Generatioun ka sech nëmmen all ze gutt un dee Beichtstull erënneren, an dee mir mat engem gekritzelten Ziedel op de Knéie gesiess a gepëspert hunn, wat mir déi Woche virdrun alles esou falsch gemaach haten. Fir dat meescht hu mir eis geschummt, mee et huet jo missen eraus, soss géife mir dat nach weider mat eis erëm schleefen. Dat Gitter tëscht dem Paschtouer an eis sollt jo derfir suergen, dass deen, dee beicht, anonym bleift. Un der Stëmm huet hien eis awer nawell erkannt an ech gouf dat Gefill net lass, dass, wat de Beichtziedel méi laang, wat d’Chance méi grouss war, am nächste Reliounsunterrecht, natierlech beim selwechte Paschtouer, mat de Knéien um hëlzene, véiereckege Lineal ze landen. Ech hoffe bis haut, dass hien dat och gebeicht huet!

Ech hu mech dunn och gefrot, firwat esou e Beichtstull eigentlech zwou Kummeren huet? Kann de Paschtouer Multitasking? Een Ouer fir all Misär? Chat GPT-4 huet mir d’Äntwert ginn: esou kann d’Beicht méi effizient iwwer d’Bün goen! Wann dee rieds fäerdeg ass, kann et lénks scho weider goen, ouni laang Waardezäit! Och wann deen, dee waart, scho mat senge bloe Knéie scho Bouss geleescht huet!

Mee firwat zielen ech Iech dat haut: well d’Beichten aus der Moud komm ass, kéime jo all déi Politiker, rieds oder lénks, déi elo fir d’Walen untrieden, gutt bäi, fir hire Rucksak u Sënnen auszedoen a vum 15. Mee un, een Dag no der Schlusspressessioun, ewéi vun eiser Här wäiss gewäsch an de Walkampf ze goen! De Problem ass just: d’Sënne si just dem gleewege Chrëscht am Himmel verziehen, awer net an eiser Gesellschaft.

Wa mir awer elo emol all Relioun an déi domat verbonnen Absolutioun op der Säit loossen, da géif ech alle Kandidaten aus dem Superwaljoer roden, deen Exercice mat sech selwer ze maachen. D’Politik verlaangt Virbiller, Vertrauen an Integritéit. E Minister, wéi den Numm et seet, déngt dem Land a senge Bierger. An den Internet vergësst net! Als Politiker muss de haut méi wäiss wéi wäiss, quasi méi helleg ewéi de Poopst, an de Walkampf goen, am Beschten ouni Läichen am Keller. Déi kommen nämlech ongeruff vum selwen do eraus!

D’Politik an eis Parteien hunn an den nächste Wochen a Méint méi ze verléieren, wéi ze gewannen. Vill vun hinnen hu Krämpes fir hir Lëschten ze fëllen an d’Fro muss duerfir och erlaabt sinn, op eis Parteielogik nach ëmmer Sënn mécht? D’Walprogrammer kanns de zanter Jore quasi iwwertenee leeën. D’Leit wiele Leit an de Panachage hëllt deemno zou. Esou wéi e Comité vun engem Veräin oder e Verwaltungsrot vun engem Betrib misst eist Land am Fong just vun deene beschte vun deene Beschte regéiert ginn. A wann een där Ufuerderung net méi gerecht gëtt, muss du deen eenzele kënnen ersetzen, ouni d’Land direkt an eng politesch Kris ze geheien. Wann een déi laang Lëscht vun de kooptéierte Regierungsmemberen an de leschte Jore kuckt, da gëtt de Wielerwëlle scho laang mat Féiss gerannt – da kinnt een och direkt déi eenzel Posten ausschreiwen „et que le meilleur gagne!“, mam Seege vun eiser Här!