Alles wëssen?

© pixabay.com
Schlecht Neiegkeete kënnen engem den Dag ruinéieren. Kee Wonner, datt dach vill Mënsche sech deenen News entzéie wëllen an guer net méi wëlle lauschteren oder kucken. D'Marie Gales huet sech doriwwer seng Gedanke gemaach.
Zu all Moment weess ee wat lass ass op der Welt, oder mengt ee mol ze mengen. Well alles gëtt ee jo net gewuer a wann, da muss dat och net ëmmer esou sinn, wéi een et erzielt oder gewise kritt.
Trauregt Beispill: Russland-Ukrain-Krich. Wien huet do nach den Duerchbléck, wien huet elo nees méi Terrain gewonnen a wien huet wien ëmbruecht? Dat gëtt ëmmer méi schwéier ze verstoen, well do si mir an enger weiderer Etapp. Et weess een zwar, datt do e Krich ass, awer wat si richteg Nouvellen a wat ass Fake, komplizéiert ze duerchkucken.
Och deen Ëmstand dréit derzou bäi, datt een sech an deem Dschungel vun Info verléiert an dowéinst depriméiert.
Fréier huet et éiweg gedauert, also fréier... do schwätzen ech vun Zäiten, wéi et nach net keng Zeitungen, Radio, Internet an Tëlee gouf, bis ee gewuer gouf, wat wou geschitt ass. Dofir ze soen, fréier gouf et dat net, ass einfach falsch. Well et gouf een et net gewuer. A wann, war et och deemools net sécher, ob dat dann elo d'Wourecht wier. Fake News ginn et net eréischt zanter Trump a Co, mä esou laang et Mënsche ginn.
Mä deemools hat een net d'Méiglechkeet dat ze iwwerpréiwen. An wann ech esou nodenken, haut schéngt dat nach ëmmer eng Saach vun der Onméiglechkeet ze sinn.
Ob dat wierklech stëmmt, datt e Mënsch en Ee geschielt huet, ouni d'Schuel ze zerbriechen, wow....zum Beispill op der Raumstatioun ISS? Mä bannent Millisekonnen weess ech dat. Sief et duerch eng Foto op Instagram, déi d'Schuel mam Astronaut weist, wéi se duerch d'Loft schwiewen.
Dacks duecht et, wien interesséiert dat?
Vill Leit anscheinend, soss géif keen vun esou Non-Eventer schwätzen. An ech vermudden, datt vill onwichteg Saachen ëmmer méi de Wee an d'Ëffentlechkeet fannen, fir vun de schlechten Neiegkeeten ofzelenken. Dofir hunn och vill léif a witzeg Fotoe vu Kazen, fir elo déi ze nennen esou e grousse Succès, fir all déi uerg News auszehalen.
Allerdéngs gëtt déi Wull un Neiegkeeten, Nouvellen an News ëmmer méi riseg, an et verléiert een sech doranner an et weess ee guer net méi wat wichteg a wat Kabes ass.
Ob déi Kazen dann elo wierklech geknipst goufen oder eng KI déi Foto realiséiert huet, dat si Froe mat deenen ech mech elo net beschäftege wëll, haut ass Sonnden.