Déi richteg Mëschung

Léiwer esou oder awer genee de Géigendeel? Meeschtens läit d'Wouerecht enzwousch tëscht den Extremer, mengt d'Bea Kneip am Apropos vun haut.
Riets oder lénks, uewen oder ënnen, haart oder lues, d’Liewen ass voller Géigesätz…Beim Keelespill ass et kloer: am beschten huet een einegermoossen an der Mëtt ze bleiwen, ganz riets a ganz lénks lauert de Kulang. A grad esou wéi d’Keeleklatzen, kann ee sech selwer och emol verrennen, wann een nëmmen op eng Säit kuckt. An der Politik sinn et dacks Parteiräson a Koalitiounsdisziplin déi enger méi pragmatescher Approche am Wee stinn. Dat ass natierlech näischt Neits, an awer kéint ee jo emol dreemen…wann déi politesch Responsabel iwwer de parteipoliteschen Tellerrand géifen erauskucken aplaz Mordicus op enger Linn ze bleiwen. Wa reell Problemer kéinten ugepakt ginn, ouni direkt den ideologesche Brëll opzesetzen. E Beispill ass den Débat ronderëm d’Hausse vun der Kriminalitéit. Je nom politesche Bord gëtt do éischter op Preventioun oder éischter op Repressioun gesat. Firwat muss et eigentlech dat eent oder dat anert sinn? Sozial Problemer (an der hu mir der leider méi wéi genuch) si ganz sécher e wichtegen Aspekt, dee muss op de Leescht geholl ginn. Dobäi sollen et awer och kloer Regele ginn a kriminellt Verhalen muss konsequent bestroft an domat schlussendlech decouragéiert ginn.
Et kënnt also op déi richteg Mëschung un. Ech fir mäin Deel wënsche mir eng Gesellschaft an der jiddereen eng fair Chance kritt, a sech gläichzäiteg awer och senger Verantwortung vis-à-vis vun der Allgemengheet bewosst ass.