Besserwësser

Bestëmmt kennt dir och Leit vun där Zort, déi ëmmer alles besser wëssen. Si kenne vun alles eppes, hunn zu all Thema eng Meenung, a leien - esou behaapte si – ëmmer richteg. D’Zuel vun de Besserwësser ass staark am Gaang ze wuessen, mengt de Guy Seyler am Apropos vun haut.
Ech sinn ëmmer erëm verwonnert, wéi vill immens kapabel Politiker mir hunn. Wéi vill onfeelbar Arbitteren, wéi vill ausgezeechent Traineren oder wéi vill genial Pedagogen et hei am Land ginn.
Allerdéngs sëtzen déi net an der Chamber, net um oder niewent dem Terrain, an och net an der Schoul. Si verbreeden hiert Wëssen an de soziale Medien.
An der Fotell virum Ecran deelen si der Allgemengheet mat, wat si schonn ëmmer wossten, an datt een alles hätt misste besser léisen.
Hir Poste gi vill „geliked“ vun anere Frënn, déi och iwwert alles stinn.
Dräi Joer nom Ausbroch vun der Pandemie wëssen dës selwer ernannte Virologen genee, wat een deemools hätt missten anescht maachen.
Den Arbitter ass blann, parteiesch an huet souwisou keng Anung.
Mat där Ekipp, déi den Trainer do opgestallt huet, konnt een net gewannen.
Den Enseignant ass nëmmen an deem Beruff, well hien do vill Vakanz huet. Esou erkläert sech och seng Aart a Weis Schoul ze halen.
Mir fält awer och op, datt et net genuch Léierpersonal gëtt.
Datt all Federatioun sech iwwer e Mangel un Arbittere beklot.
Datt besonnesch am Jugendberäich ausgebilten Trainere feelen.
An datt fir d’Gemengewalen et dacks schwéier ass, genuch Kandidaten ze fannen. A 6 Gemenge brauchen, oder kënne se guer net wiele goen.
Et brauch een net mat allem averstanen ze si wat esou ronderëm eis ofleeft. Eng eege Meenung ass wichteg. Se zum Ausdrock bréngen och. Awer net, andeems een Eeër op d’Haus vun de Politiker wërft, oder dem Arbitter un den Hals spréngt.
Besser wier et, selwer aktiv ze ginn, a praktesch ze weisen, wat een drop huet. Gutt Leit ginn zimmlech iwwerall gebraucht.